De Present / L’ indicatif présent
A) Déi reegelméisseg Verben:
Déi reegelméisseg Verbe behalen de Stamm vum Infinitiv.
Les verbes réguliers gardent le radical de l’infinitif.
Infinitiv: bauen (construire)
ech bauen
du baus
hie baut
mir bauen
dir baut
si bauen
Den Infinitiv vum Verb “bauen” ass dselwecht wéi déi konjugéiert Formen “ech, mir, si”
On constate que l’infinitif du verbe “bauen” est identique aux formes conjuguées de “ech, mir, si”.
B) Déi onreegelméisseg Verben:
Déi onreegelméisseg Verben änneren hire Stamm.
Opgepasst op déi vill Vokalverännerungen, déi de SCHANEN an ongeféier 20 verschidde Serien opdeelt.
Hei eng vereinfacht Tabell mat 5 Serien (ouni d’Ausnamen):
Les verbes irréguliers changent de radical.
Attention aux nombreux changements vocaliques que SCHANEN a regroupé dans plus ou moins 20 séries différentes.
Ci-joint un tableau simplifié de cinq séries (sans les hors-séries):
1) Serie mat “a”
“a” kuerz-> “ë” kuerz: ech klammen, du klëmms (klammen = grimper)
“a” laang -> “ee” laang: ech kafen, du keefs (kafen = acheter)
“a” kuerz -> “ä” kuerz: ech falen, du fäls (falen = tomber)
2) Serie mat “éi”
“éi” -> “i” kuerz: ech léien, du litts (léien = mentir)
“éi” -> “i” kuerz: ech kréien, du kriss (kréien = recevoir)
“éi” ->”éi”: ech genéissen, du genéiss (genéissen = savourer)
3) Serie mat “ie”
“ie” -> “é” kuerz: ech briechen, du bréchs (briechen = briser)
“ie” -> “ë” kuerz: ech iessen, du ëss (iessen = manger)
4) Serie mat “o”
“o” -> “éi”: ech roden, du réits (roden = deviner)
“o” -> “ee”: goen: ech ginn, du gees (goen = aller)
5) Serie mat “ue”
“ue” -> “ii”: ech wuessen, du wiiss (wuessen = grandir)
“ue” -> “ie”: ech fueren, du fiers (fueren = conduire)
Verschidde Verbformen hunn eng konsonantesch Verhäerdung
um Schluss, cf.:
À noter que certains verbes conjugués présentent
un durcissement consonantique en fin d’unité lexicale, cf.:
bludden: ech bludden, du blutts (saigner)
bleiwen: ech bleiwen, du bleifs (rester)
Mä: Sidd elo roueg! (Soyez tranquilles maintenant!)
Sidd = à cause de l’allemand: Seid jetzt mal ruhig!
● Quell: SCHANEN François, ZIMMER Jacqui “1,2,3 Lëtzebuergesch Grammaire – le groupe verbal” (2005:80-86)
Exercicer
Tableau
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel | |
---|---|---|---|---|
Nominativ / Akkusativ | de/den | d’ | d’ | d’ |
Dativ | dem | der | dem | de/den |
Tableau
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
de/den | d’ | d’ | d’ |
dem | der | dem | de/den |
Beispiller
Opgepasst: am geschwatene Lëtzebuergesch gëtt déi dacks duerch di ersat.