D'Demonstrativartikelen

Am Nominativ an Akkusativ singulier ass déi männlech Form vum Demonstrativartikel dëse / dësen, déi sächlech Form ass dëst an déi weiblech Form ass dës. 

Am Nominativ an Akkusativ pluriel ass déi männlech, weiblech a sächlech Form vum Demonstrativartikel dës.

Am Dativ singulier ass déi männlech a sächlech Form vum Demonstrativartikel dësem an déi weiblech Form ass dëser. 

Am Dativ pluriel ass déi männlech, weiblech a sächlech Form vum Demonstrativartikel dëse / dësen.

Deklinatioun
 MännlechWeiblechSächlechPluriel
Nominativ / Akkusativdësendësdëstdës
Dativ dësem dëser dësemdësen
➤ Nominativ / Akkusativ
MännlechWeiblechSächlechPluriel
dëse Vëlodës Auerdëst Buchdës Bicher
 dësen Hond dës Popp dëst Hausdës Hënn

Beispiller

Ech hätt gär dëse Vëlo. (J’aimerais avoir ce vélo.)

Ech hätt gär dësen Hond. (J’aimerais avoir ce chien.)

Ech hätt gär dëst Buch.

(J’aimerais avoir ce livre.)

Ech hätt gär dëst Haus.

(J’aimerais avoir cette maison.)

Ech hätt gär dës Bicher. (J’aimerais avoir ces livres.)

Ech hätt gär dës Hënn. (J’aimerais avoir ces chiens.)

➤ Dativ
MännlechWeiblechSächlechPluriel
dësem Vëlodëser Auerdësem Buchdëse Bicher
 dësem Hond dëser Popp dësem Hausdësen Hënn

Beispiller

Ech hu kee Problem mat dësem Vëlo. (Je n’ai aucun problème avec ce vélo.)

Ech spille mat dësem Hond. (Je joue avec ce chien.)

Ech hu kee Problem mat dëser Auer. (Je n’ai pas de problème avec cette montre.)

Ech spille mat dëser Popp. (Je  joue avec cette poupée)

Dat Wuert steet an dësem Buch. (Ce mot figure dans ce livre.)

An dësem Haus ass e Keller (Dans cette maison il y a une cave.)

Dës Wierder stinn an dëse Bicher. (Ces mots figurent dans ces livres. )

Mir hu vill Problemer mat dësen Hënn. (Nous avons beaucoup de problèmes avec ces chiens.)

Genitiv, Pluriel
MännlechWeiblechSächlechPluriel
dëser Vëloendëser Aueren dëser Bicher 
    

Beispiller mat “dëser” (Genitiv, Pluriel) 

Wéi vill dëser Pëllen hues du geholl? (w. pl)
Hues du och dëser Äppel giess? (m. pl)
Baut Dir och dëser Haiser? (n. pl)

Ech sinn him dëser Deeg begéint. (Je l’ai rencontré récemment).
Dëser Deeg hat ech dëser Fra ugeruff.
Dëser Fäll kennen ech nach. (Je connais d’autres de ces cas).

cf.: im Deutschen: Einer dieser Tage
cf. och: Dëser Deeg, där Deeg een …
Dëser Deeg kucke mir eis där Fäll méi genee un.