Subjunktiounen
➤ An engem Haaptsaz steet dat konjugéiert Verb op der zweeter Positioun.
Am Deelsaz, dee mat enger Subjunktioun ageleet gëtt, steet dat konjugéiert Verb um Enn.
Haaptsaz: Hatt huet keng Zäit fir mech.
Deelsaz: Ech sinn traureg, datt hatt keng Zäit fir mech huet.
Sazbau: Subjunktioun + Sujet + … + finit Verb
andeem(s): Et mécht een Deech, andeems een Eeër mat Miel mëscht.
On fait de la pâte en mélangeant des oeufs avec de la farine.
amplaz datt(s): Amplaz datt hie léiert, geet hien akafen.
Au lieu d’apprendre, il fait des courses.
amplaz … ze (+Infinitiv): Hie geet an de Kino, amplaz ze léieren.
Il va au cinéma, au lieu d’étudier.
amplaz … ze (+Infinitiv): Hien hëlleft him, amplaz näischt ze maachen.
ll l’aide au lieu de ne rien faire.
bis: Hien huet sou laang geschafft, bis hien doudmidd ageschlof ass.
Il a travaillé aussi longtemps jusqu’à s’endormir mort de fatigue.
dass / datt: Hie weess, datt ech hien net ausstoe kann.
Il sait que je ne peux pas le supporter.
falls: So him dat net, falls hie muer kënnt.
Ne lui dis pas ça, au cas où il viendrait demain.
fir … datt: Ech kafe mengem Jong en Auto, fir datt hie méi séier doheem ass.
J’achète une voiture à mon fils, pour qu’il soit plus vite à la maison.
fir … ze (+ Infinitiv): Ech kafen e Buch, fir mengem Bop ze hëllefen. (+ Dativ)
J’achète un livre pour aider mon grand-père.
fir … ze (+ Infinitiv): Ech kafen eng Webcam, fir mäi Bop ze gesinn. (+Akkusativ)
J’achète une webcam pour voir mon grand-père.
ier: Hatt huet vill geléiert, ier hatt an den Exame gaang ass.
Elle a beaucoup appris, avant d’aller à l’examen.
nodeem(s): Si huet sech getrennt, nodeems si an hiert neit Haus geplënnert waren.
Ils se sont séparés après avoir déménagé dans la nouvelle maison.
ob: Ech weess net, ob s du dat schonns deemools wousst.
Je ne sais pas, si tu le savais déjà à l’époque.
obschonn(s) / obwuel: Hie léiert näischt, obschonns mir hie gewarnt hunn.
Il n’apprend rien, bien que nous l’ayons averti. (malgré nos avertissements)
ouni: Ech ginn heem, ouni him ze hëllefen.
Je rentre sans l’aider.
ouni: Ech ginn heem, ouni hien ze bekucken.
Je rentre sans le regarder.
(e)soubal: Ech léiere Lëtzebuergesch, esoubal ech eng Wunneng hunn.
J’apprendrai le luxembourgeois dès que je trouverai un logement.
(e)soudatt: Mäin Auto ass futti, soudatt ech den Zuch hu missen huelen.
Ma voiture est cassée, donc j’ai du prendre le train.
(e)soulaang: Hie muss doheem bleiwen, soulaang hien de Corona huet.
Il doit rester chez lui aussi longtemps qu’il a le Corona.
(e)souwäit: Hie kënnt muer net, esouwäit ech dat richteg verstanen hunn.
Il ne viendra pas demain, à ce que je sais.
(e)souvill: Hie kënnt muer net, esouvill ech weess.
Il ne viendra pas demain, à ce que je sais.
cf.:
(e)sou vill: Hie kënnt muer net, esou vill esou vill weess ech.
Il ne viendra pas demain, ça c’est tout ce que je sais.
säit: Hie kennt déi Geschicht, säit hie kleng ass.
Il connaît cette histoire, depuis qu’il est petit.
( Opgepasst: “säit” funktionéiert och als Prepositioun! )
zënter: Zënter hire Mann dout ass, geet si net méi schwammen.
Depuis que son mari est décédé, elle ne va plus nager.
( Opgepasst: “zënter” funktionéiert och als Prepositioun! )
säitdeem: Si huet e schéint Haus, säitdeem se am Lotto gewonnen huet.
Elle a une belle maison, depuis qu’elle a gagné au lotto.
wärend: Ech lauschtere vill Musek, wärend ech doheem léieren.
J’écoute beaucoup de musique, lorsque j’apprends chez moi.
well: Hie kënnt muer net schaffen, well hie krank ass.
(Oder: Hie kënnt muer net schaffen, well hien ass krank.)
Il ne viendra pas travailler demain, parce qu’il est malade.
wéi: Ech sinn ëmmer bei meng Bom iesse gaang, wéi ech kleng war.
Je suis toujours allé manger chez ma grand-mère, quand j’étais petit.
wann: Hie packt den Examen net, wann hien net endlech eppes léiert.
Il ne réussira pas l’examen, s’il ne commence pas enfin à apprendre quelque chose.
wougéint: Säi Papp ass ganz léif, wougéint seng Mamm ganz eekeleg ass.
Son père est très gentil, alors que sa mère est horrible.
➤ Fir d’Prepositiounen “säit” an “zënter” gëllen aner Reegelen.
Ech kennen hien eréischt säit enger Stonn.
Ech waarde schonns zënter enger Woch op säi Mail.
Hatt gëtt zënter e Méindeg vermësst.
★ Link: Prepositioune mat Dativ (Punkt 2)
cf. am Däitschen: / à comparer en allemand:
als, bevor, bis, da, damit, dass, ehe, falls
indem, nachdem, ob
obgleich/obschon/obwohl
seit, seitdem, sobald, sodass
sofern, solange, sooft, soweit
soviel, während, weil, wenn, wie, wohingegen
● Quellen:
● Studysmarter.de: Subjunktionen
(Kausal-, Lokal-, Temporal-, Modal-, Komparativ-, Konditional-, Final-, Konzessiv-, Konsekutiv-, Adversativsätze)
● Deutschgrammatik20.de: Präposition VS Subjunktion anstatt
★ Link:
Tableau
Exemple1 | Exemple2 |
Tableau
Exemple1 | Exemple2 | Exemple3 | Exemple4 |
Beispiller
Opgepasst:
Memo-Trick / Aide mnémotechnique:
A B S ➜ an – bis – soss
Konjunktioun: Ech ginn all Dag schaffen an ech kréien eng gutt Pai. (ouni Inversioun)
Subjunktioun: Hie geet schaffen, bis hien d’Pensioun kritt. (Verb um Schluss)
Konjunktiounaladverb: Du schaffs elo, soss kriss du keng Pai. (Inversioun)
Exercicer
Lien vers LearningApps.org