Konjunktiounen

Deelsätz mat Konjunktiounen:

➤ Am Deelsaz, dee mat enger Konjunktioun ageleet gëtt, ännert d’Syntax net.

Keng Inversioun!

Haaptsaz + Haaptsaz: D’Chantal huet en Haus. Hatt huet och en Auto.

Haaptsaz + Deelsaz: D’Chantal huet en Haus an hatt huet och en Auto.

Sazbau: Konjunktioun + Sujet + finit Verb + …

Keng Inversioun!

awer: Hatt huet vill Aarbecht, awer hatt huet geschwë Congé.

Elle a beaucoup de travail, mais elle aura bientôt congé.

: Hatt huet säi Joer gepackt, mä hatt huet nach keng Aarbecht.

Elle a réussi son année scolaire, mais elle n’a pas encore de travail.

oder: Ech ginn haut akafen oder ech ginn an d’Schwämm.

Je vais faire des courses aujourd’hui ou j’irai à la piscine.

cf. och: Si mir räich oder si mir aarm?
cf. och: Sinn ech glécklech oder sinn ech traureg?

an: Ech kafe mir gär en Auto an ech kafe mir och gär e Vëlo.

Je souhaite m’acheter une voiture et je souhaite m’acheter aussi un vélo.

cf. och: Dat fannen ech jo awer interessant a si rosen, net selwer op dës Iddi komm ze sinn.
cf. och: Dat fannen ech jo awer interessant a sinn traureg, net selwer op dës Iddi komm ze sinn.

ausser: Ech ginn net mat, ausser hatt geet och mat.
(oder: Ech ginn net mat, dees hatt geet och mat.)

Je n’y vais pas, sauf si elle va aussi.

➤ cf. am Däitschen: / à comparer en allemand:

aber, denn, doch, oder, sondern, und
Claudia ist glücklich, denn sie hat Urlaub.

“Denn”, “doch”, “sondern” ginn et net am Lëtzebuergeschen.“Denn”, “doch”, “sondern” n’existent pas en luxembourgeois.

➤ Opgepasst: well

well: Hie war haut net do, well hie war krank. (Konjunktioun)
Oder: Hie war haut net do, well hie krank war. (Subjunktioun)

Il n’était pas là, parce qu’il était malade.

Material dozou:

★ Niewesaz mat ‘well’
★ Land.lu (2011) – Schanen: Du weess dat net, well du waars net do

★ Verbentabellen op Lëtzebuergesch (Ernster.Lu)

Tableau
Exemple1Exemple2
Tableau
Exemple1Exemple2Exemple3Exemple4

Beispiller

 

Opgepasst

Memo-Trick / Aide mnémotechnique:

A B S ➜ an – bis – soss

Konjunktioun: Ech ginn all Dag schaffen an ech kréien eng gutt Pai. (ouni Inversioun)

Subjunktioun: Hie geet schaffen, bis hien d’Pensioun kritt. (Verb um Schluss)

Konjunktiounaladverb: Du schaffs elo, soss kriss du keng Pai. (Inversioun)

 

Exercicer

Lien vers LearningApps.org