Titre

Deelsätz mat Konjunktiounen:

➤ Am Deelsaz, dee mat enger Konjunktioun ageleet gëtt, ännert d’Syntax net.

Keng Inversioun!

Haaptsaz + Haaptsaz: D’Chantal huet en Haus. Hatt huet och en Auto.

Haaptsaz + Deelsaz: D’Chantal huet en Haus an hatt huet och en Auto.

 

Sazbau: Konjunktioun + Sujet + finit Verb + …

Keng Inversioun!

awer: Hatt huet vill Aarbecht, awer hatt huet geschwë Congé.

Elle a beaucoup de travail, mais elle aura bientôt congé.

: Hatt huet säi Joer gepackt, mä hatt huet nach keng Aarbecht.

Elle a réussi son année scolaire, mais elle n’a pas encore de travail.

oder: Ech ginn haut akafen oder ech ginn an d’Schwämm.

Je vais faire des courses aujourd’hui ou j’irai à la piscine.

cf. och: Si mir räich oder si mir aarm?
cf. och: Sinn ech glécklech oder sinn ech traureg?

an: Ech kafe mir gär en Auto an ech kafe mir och gär e Vëlo.

Je souhaite m’acheter une voiture et je souhaite m’acheter aussi un vélo.

cf. och: Dat fannen ech jo awer interessant a si rosen, net selwer op dës Iddi komm ze sinn.
cf. och: Dat fannen ech jo awer interessant a sinn traureg, net selwer op dës Iddi komm ze sinn.

ausser: Ech ginn net mat, ausser hatt geet och mat.
(oder: Ech ginn net mat, dees hatt geet och mat.)

Je n’y vais pas, sauf si elle va aussi.

➤ cf. am Däitschen: / à comparer en allemand:

aber, denn, doch, oder, sondern, und
Claudia ist glücklich, denn sie hat Urlaub.

“Denn”, “doch”, “sondern” ginn et net am Lëtzebuergeschen.“Denn”, “doch”, “sondern” n’existent pas en luxembourgeois.

➤ Opgepasst: well

well: Hie war haut net do, well hie war krank. (Konjunktioun)
Oder: Hie war haut net do, well hie krank war. (Subjunktioun)

Il n’était pas là, parce qu’il était malade.

Material dozou:

★ Niewesaz mat ‘well’
★ Land.lu (2011) – Schanen: Du weess dat net, well du waars net do

   


2 Deelsätz mat Subjunktiounen:

➤ An engem Haaptsaz steet dat konjugéiert Verb op der zweeter Positioun.
Am Deelsaz, dee mat enger Subjunktioun ageleet gëtt, steet dat konjugéiert Verb um Enn.

Haaptsaz: Hatt huet keng Zäit fir mech.

Deelsaz: Ech sinn traureg, datt hatt keng Zäit fir mech huet.

Sazbau: Subjunktioun + Sujet + … + finit Verb

andeem(s): Et mécht een Deech, andeems een Eeër mat Miel mëscht.

On fait de la pâte en mélangeant des oeufs avec de la farine.

amplaz datt(s)Amplaz datt hie léiert, geet hien akafen.

Au lieu d’apprendre, il fait des courses.

amplaz … ze (+Infinitiv): Hie geet an de Kino, amplaz ze léieren.

Il va au cinéma, au lieu d’étudier.

amplaz … ze (+Infinitiv): Hien hëlleft him, amplaz näischt ze maachen.

ll l’aide au lieu de ne rien faire.

bis: Hien huet sou laang geschafft, bis hien doudmidd ageschlof ass.

Il a travaillé aussi longtemps jusqu’à s’endormir mort de fatigue.

dass / datt: Hie weess, datt ech hien net ausstoe kann.

Il sait que je ne peux pas le supporter.

falls: So him dat net, falls hie muer kënnt.

Ne lui dis pas ça, au cas où il viendrait demain.

fir … datt: Ech kafe mengem Jong en Auto, fir datt hie méi séier doheem ass.

J’achète une voiture à mon fils, pour qu’il soit plus vite à la maison.

fir … ze (+ Infinitiv): Ech kafen e Buch, fir mengem Bop ze hëllefen. (+ Dativ)

J’achète un livre pour aider mon grand-père.

fir … ze (+ Infinitiv): Ech kafen eng Webcam, fir mäi Bop ze gesinn. (+Akkusativ)

J’achète une webcam pour voir mon grand-père.

ier: Hatt huet vill geléiert, ier hatt an den Exame gaang ass.

Elle a beaucoup appris, avant d’aller à l’examen.

nodeem(s): Si huet sech getrennt, nodeems si an hiert neit Haus geplënnert waren.

Ils se sont séparés après avoir déménagé dans la nouvelle maison.

ob: Ech weess net, ob s du dat schonns deemools wousst.

Je ne sais pas, si tu le savais déjà à l’époque.

obschonn(s) / obwuel: Hie léiert näischt, obschonns mir hie gewarnt hunn.

Il n’apprend rien, bien que nous l’ayons averti. (malgré nos avertissements)

ouni: Ech ginn heem, ouni him ze hëllefen.

Je rentre sans l’aider.

ouni: Ech ginn heem, ouni hien ze bekucken.

Je rentre sans le regarder.

(e)soubal: Ech léiere Lëtzebuergesch, esoubal ech eng Wunneng hunn.

J’apprendrai le luxembourgeois dès que je trouverai un logement.

(e)soudatt: Mäin Auto ass futti, soudatt ech den Zuch hu missen huelen.

Ma voiture est cassée, donc j’ai du prendre le train.

(e)soulaang: Hie muss doheem bleiwen, soulaang hien de Corona huet.

Il doit rester chez lui aussi longtemps qu’il a le Corona.

(e)souwäit: Hie kënnt muer net, esouwäit ech dat richteg verstanen hunn.

Il ne viendra pas demain, à ce que je sais.

(e)souvill: Hie kënnt muer net, esouvill ech weess.

Il ne viendra pas demain, à ce que je sais.
cf.:

(e)sou vill: Hie kënnt muer net, esou vill esou vill weess ech.

Il ne viendra pas demain, ça c’est tout ce que je sais.

säit: Hie kennt déi Geschicht, säit hie kleng ass.

Il connaît cette histoire, depuis qu’il est petit.
( Opgepasst: “säit” funktionéiert och als Prepositioun! )

zënterZënter hire Mann dout ass, geet si net méi schwammen.

Depuis que son mari est décédé, elle ne va plus nager.
( Opgepasst: “zënter” funktionéiert och als Prepositioun! )

säitdeem: Si huet e schéint Haus, säitdeem se am Lotto gewonnen huet.

Elle a une belle maison, depuis qu’elle a gagné au lotto.

wärend: Ech lauschtere vill Musek, wärend ech doheem léieren.

J’écoute beaucoup de musique, lorsque j’apprends chez moi.

well: Hie kënnt muer net schaffen, well hie krank ass.
(Oder: Hie kënnt muer net schaffen, well hien ass krank.)

Il ne viendra pas travailler demain, parce qu’il est malade.

wéi: Ech sinn ëmmer bei meng Bom iesse gaang, wéi ech kleng war.

Je suis toujours allé manger chez ma grand-mère, quand j’étais petit.

wann: Hie packt den Examen net, wann hien net endlech eppes léiert.

Il ne réussira pas l’examen, s’il ne commence pas enfin à apprendre quelque chose.

wougéint: Säi Papp ass ganz léif, wougéint seng Mamm ganz eekeleg ass.

Son père est très gentil, alors que sa mère est horrible.

▶ Fir d’Prepositiounen “säit” an “zënter” gëllen aner Reegelen.

Ech kennen hien eréischt säit enger Stonn.
Ech waarde schonns zënter enger Woch op säi Mail.
Hatt gëtt zënter e Méindeg vermësst.

★ Link: Prepositioune mat Dativ (Punkt 2)

▶ cf. am Däitschen: / à comparer en allemand:

als, bevor, bis, da, damit, dass, ehe, falls
indem, nachdem, ob
obgleich/obschon/obwohl
seit, seitdem, sobald, sodass
sofern, solange, sooft, soweit
soviel, während, weil, wenn, wie, wohingegen

   

3 Deelsätz mat Konjunktiounaladverben:

➤ Am Deelsaz, dee mat engem Konjunktiounaladverb ageleet gëtt,
steet dat finit Verb virum Sujet.

Opgepasst op d’Inversioun!

Hatt huet säin Examen net gepackt, dofir léiert hatt elo vill an der Vakanz.

Sazbau am Deelsaz: Konjunktiounaladverb + finit Verb + Sujet + …

an awer: Hie war liddereg, an awer huet hien den Test gepackt.
(Oder: Hie war liddereg an hien huet den Test awer gepackt.)

Il était fainéant et pourtant il a réussi le test.

anerersäits: Engersäits ass hatt léif, anerersäits ass et och granzeg.

D’un côté elle est gentille, de l’autre côté elle est aussi grincheuse.

ausserdeem: De Cours war net gutt an ausserdeem war en deier.

Le cours n’était pas bon et en outre il était cher.

antëschent: Ufanks hu mir eis net gutt verstan an antëschent gi mir gutt eens.

Au début on ne s’entendait pas et maintenant on s’entend bien.

dobäi: Hie war ganz fäin, an dobäi hate mir gemengt, hie wier arrogant.

Il était très sympa, alors que nous pensions qu’il était arrogant.

doduerch: Hatt war ni am Cours an doduerch huet et säi Joer net gepackt.

Elle n’était jamais au cours et ainsi elle n’a pas réussi son année.

dofir: Dir hutt mir vill gehollef an dofir soen ech Iech Merci.

Vous m’avez beaucoup aidé et pour cela je vous remercie.

dogéint: D’Resultat war do, an dogéint hate mir och näischt auszesetzen.

Le résultat était là et nous n’avions rien à contester.

domat: Hien huet den Test gepackt an domat hat kee gerechent.

Il a réussi le test et personne n’avait prévu un tel succès.

duerno: Fir d’éischt hu mer Tennis gespillt an duerno si mir iesse gaang.

D’abord nous avons joué au tennis et ensuite nous sommes allés manger.

dunn: Fir d’éischt huet hie Musek gelauschtert an dunn ass hie schwamme gaang.

D’abord il a écouté de la musique et ensuite il est allé nager.

dann: Et ass net ze gleewen. Hie léiert näischt an da packt hien den Examen.

Incroyable. Il n’apprend rien et ensuite il réussit l’examen.

dorop: D’Äntwert ass richteg, mä dorop wier ech net komm.

La réponse est juste, mais jamais je ne l’aurais trouvée.

dofir: Ech kachen net gär, dofir ginn ech dacks an de Restaurant.

Je n’aime pas cuisiner, donc je vais souvent au restaurant.

dozou: Meng Kandidatur gouf ofgeleent an dozou hunn ech näischt méi ze soen.

Ma candidature a été rejetée et je n’ai plus rien à dire à ce sujet.

dowéinst: Si hu vill Suen, dowéinst kafe si sech deier Autoen.

Ils ont beaucoup d’argent, raison pour laquelle ils s’achètent des voitures chères.

deemno: Et war waarm, deemno ware vill Leit an der Schwämm.

Il faisait chaud, donc il y avait beaucoup de gens à la piscine.

engersäitsEngersäits ass hien intelligent, anerersäits mécht hie vill Dommheeten.

D’un côté il est intelligent, de l’autre côté il faisait beaucoup de bêtises.

entwederEntweder gees du lo mat oder du bleifs eleng doheem. (Och méiglech: Entweeder du gees …)

Soit tu viens avec nous, soit tu resteras seul à la maison.

ëmmerhin: Hie war laang krank, mä ëmmerhin huet en den Exame gepackt.

Il était longtemps malade, mais après tout il a réussi l’examen.

entre-temps: Hie war laang krank, entre-temps ass hien nees gesond.

Il était longtemps malade, entretemps il est à nouveau en bonne santé.

mëttlerweil: Hie war laang krank, mëttlerweil ass hien nees gesond.

Il était longtemps malade, entretemps il est à nouveau en bonne santé.

schliisslech: Fir d’éischt huet hie gelunn, mä schliisslech huet en alles zouginn.

D’abord il a tout nié, mais finalement il a tout avoué.

säitdeem: Si hu sech zerstridden, säitdeem schwätze si net méi mateneen.

Ils se sont disputés et depuis ils ne se parlent plus.

soss: Du léiers elo, soss packs du den Test net.

Tu vas apprendre maintenant, sinon tu ne réussiras pas le test.

trotzdeeem: Hatt huet keng Suen, an trotzdeem huet hatt sech eng Auer kaf.
(oder: an hatt huet sech trotzdeem…)

Elle n’a pas d’argent et pourtant elle s’est acheté une montre.

virdrun: Um 8 Auer gi mer an de Kino, a virdru gi mer Tennis spillen.

À 8 heures nous allons au cinéma et avant nous allons jouer au tennis.

weederWeeder huet hie mer ugeruff, nach huet hie mat mir geschwat.
(Oder: Hien huet mer weeder ugeruff, nach huet hie mat mir geschwat.)

Il ne m’a ni téléphoné, ni il m’a parlé.

zanterhier: Si hu sech zerstridden, zanterhier schwätze si net méi mateneen.

Ils se sont disputés et depuis ils ne se parlent plus.

an zwar: Ech hunn haut e Rendez-vous, an zwar ginn ech um fënnef Auer bei den Dokter.

J’ai un rendez-vous aujourd’hui, j’irai plus exactement à 5 heures chez le médecin.

   

4 Exercicer:

1) Hien huet näischt geléiert, an awer 

 den Test gepackt.

2) Hatt huet en Auto an 

 nach bei sengen Elteren.

3) Ech weess net, ob 

4) Hie wollt dech gesinn, mä soss 

 näischt gesot.

5) Hatt weess nach net, 

 hatt säin Haus verkeeft.

6) Ech si rosen, 

 dat stëmmt.

Memo-Trick / Aide mnémotechnique:

A B S ➜ an – bis – soss

Konjunktioun: Ech ginn all Dag schaffen an ech kréien eng gutt Pai. (ouni Inversioun)

Subjunktioun: Hie geet schaffen, bis hien d’Pensioun kritt. (Verb um Schluss)

Konjunktiounaladverb: Du schaffs elo, soss kriss du keng Pai. (Inversioun)

● Quellen:

● Wikipedia: Finite_Verbform

● Lingolia.org: Konjunktionen

● Lingolia.org: Konjunktionen

● Studysmarter.de: Subjunktionen
(Kausal-, Lokal-, Temporal-, Modal-, Komparativ-, Konditional-, Final-, Konzessiv-, Konsekutiv-, Adversativsätze)

● deutschplus.net: Modalsatz, anstatt zu

● Deutschgrammatik20.de: Präposition VS Subjunktion anstatt

● Wikipedia: Konjunktion

● Wikipedia: Konjunktionaladverb

● Video Easydeutsch: Konnektoren

● Land.lu (2011) – Schanen: Du weess dat net, well du waars net do

● Land.lu (2012) – Schanen: Virfeld an Nofeld

Extrait: https://de.wikipedia.org/wiki/Konjunktionaladverb

Der Unterschied zu koordinierenden Konjunktionen wie „und“ liegt darin, dass solche Konjunktionen vor dem Vorfeld stehen,
wogegen Adverbien im Vorfeld oder tiefer im Satz vorkommen.

Draußen schneit es, und [deswegen möchten die Kinder gerne rausgehen.]
(„und“ gefolgt von einem vollständigen Hauptsatz, d. h. Verbzweitsatz [hier in eckigen Klammern])
Draußen schneit es, und [die Kinder möchten deswegen gerne rausgehen].
(ebenso; Adverb im Mittelfeld)

Eine Besonderheit mancher Konnektoradverbien ist jedoch,
dass sie auch vor dem Vorfeld stehen können.
In dieser Verwendung dienen sie dazu,
den Stellenwert der folgenden Äußerung einzuordnen (haben also eine „metakommunikative“ Funktion,
so wie auch sprecherbezogene Adverbiale des Typs „ehrlichgesagt“, die genauso platziert werden können):[5]

Trotzdem, ich möchte das jetzt nicht kaufen.

★ Link:

★ Verbentabellen op Lëtzebuergesch (Ernster.Lu)

Tableau
 MännlechWeiblechSächlechPluriel
Nominativ / Akkusativde/dend’d’d’
Dativ dem der demde/den
Tableau
Männlech Weiblech Sächlech Pluriel
de/den d’ d’ d’
 dem  der  dem de/den

Beispiller

 

Opgepasst: am geschwatene Lëtzebuergesch gëtt déi dacks duerch di ersat.

 

Exercicer

Lien vers LearningApps.org