D'Possessivartikelen
Texte
Tableau
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel | |
---|---|---|---|---|
Nominativ / Akkusativ | mäi/mäin | meng | mäi/mäin | meng |
Dativ | mengem | menger | mengem | menge/mengen |
➤ Nominativ / Akkusativ
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
mäi Vëlo | meng Auer | mäi Kand | meng Aueren |
mäin Hond | mäin Haus | meng Haiser |
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
däi Vëlo | deng Auer | däi Kand | meng Aueren |
däin Hond | däin Haus | meng Haiser |
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
säi Vëlo | seng Auer | säi Kand | seng Aueren |
säin Hond | säin Haus | seng Haiser |
➤ formell weiblech
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
hire Vëlo | hir Auer | hiert Kand | hir Aueren |
hiren Hond | hiert Haus | hir Haiser |
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
eise Vëlo | eis Auer | eist Kand | eis Aueren |
eisen Hond | eist Haus | eis Haiser |
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
Äre Vëlo | Är Auer | Äert Kand | Är Aueren |
Ären Hond | Äert Haus | Är Haiser |
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
hire Vëlo | hir Auer | hiert Kand | hir Aueren |
hiren Hond | hiert Haus | hir Haiser |
Beispiller
Ech flécke mäi Vëlo. (Je répare mon vélo.)
Ech verkafe mäin Haus. (Je vends ma maison.)
Ech siche meng Auer. (Je cherche ma montre.)
Du flécks däi Vëlo. (Tu répares ton vélo.)
Du verkeefs däin Haus. (Tu vends ta maison.)
Du sichs deng Auer. (Tu cherches ta montre.)
Hie fléckt säi Vëlo. (Il répare son vélo.)
Hie verkeeft säin Haus. (Il vend sa maison.)
Hie sicht seng Auer. (Il cherche sa montre.)
Hatt fléckt säi Vëlo. (Elle répare son vélo.)
Hatt verkeeft säin Haus. (Elle vend sa maison.)
Hatt sicht seng Auer. (Elle cherche sa montre.)
weiblech formell:
Si fléckt hire Vëlo. (Elle répare son vélo.)
Si verkeeft hiert Haus. (Elle vend sa maison.)
Si sicht hir Auer. (Elle cherche sa montre.)
Mir flécken eise Vëlo. (Nous réparons notre vélo.)
Mir verkafen eist Haus. (Nous vendons notre maison.)
Mir sichen eis Auer. (Nous cherchons notre montre.)
Dir fléckt Äre Vëlo. (Vous réparez votre vélo.)
Dir verkaaft Äert Haus. (Vous vendez votre maison.)
Dir sicht Är Auer. (Vous cherchez votre montre.)
Si flécken hire Vëlo. (Ils réparent leur vélo.)
Si verkafen hiert Haus. (Ils vendent leur maison.)
Si sichen hir Auer. (Ils cherchent leur montre.)
➤ Dativ
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
mengem Vëlo | menger Auer | mengem Kand | mengen Aueren |
mengem Hond | mengem Haus | menge Kanner |
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
dengem Vëlo | denger Auer | dengem Kand | dengen Aueren |
dengem Hond | dengem Haus | denge Kanner |
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
sengem Vëlo | senger Auer | sengem Kand | sengen Aueren |
sengem Hond | sengem Haus | senge Kanner |
➤ formell weiblech
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
hirem Vëlo | hirer Auer | hirem Kand | hiren Aueren |
hirem Hond | hirem Haus | hire Kanner |
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
eisem Vëlo | eiser Auer | eisem Kand | eisen Aueren |
eisem Hond | eisem Haus | eise Kanner |
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
ärem Vëlo | ärer Auer | ärem Kand | ären Aueren |
ärem Hond | ärem Haus | äre Kanner |
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
hirem Vëlo | hirer Auer | hirem Kand | hiren Aueren |
hirem Hond | hirem Haus | hire Kanner |
Beispiller
Ech hunn e Problem mat mengem Vëlo. (J’ai un problème avec mon vélo.)
Ech hunn e Problem mat mengem Haus. (J’ai un problème avec ma maison.)
Ech hunn e Problem mat menger Auer. (J’ai un problème avec ma montre.)
Du hues e Problem mat dengem Vëlo. (Tu as un problème avec ton vélo.)
Du hues e Problem mat dengem Haus. (Tu as un problème avec ta maison.)
Du hues e Problem mat denger Auer. (Tu as un problème avec ta montre.)
Hien huet e Problem mat sengem Vëlo. (Il a un problème avec son vélo.)
Hien huet e Problem mat sengem Haus. (Il a un problème avec sa maison.)
Hien huet e Problem mat senger Auer. (Il a un problème avec sa montre.)
Hatt huet e Problem mat sengem Vëlo. (Elle a un problème avec son vélo.)
Hatt huet e Problem mat sengem Haus. (Elle a un problème avec sa maison.)
Hatt huet e Problem mat senger Auer. (Elle a un problème avec sa montre.)
Weiblech formell
Si huet e Problem mat hirem Vëlo. (Elle a un problème avec son vélo.)
Si huet e Problem mat hirem Haus. (Elle a un problème avec sa maison.)
Si huet e Problem mat hirer Auer. (Elle a un problème avec sa montre.)
Mir hunn e Problem mat eisem Vëlo. (Nous avons un problème avec notre vélo.)
Mir hunn e Problem mat eisem Haus. (Nous avons un problème avec notre maison.)
Mir hunn e Problem mat eiser Auer. (Nous avons un problème avec notre montre.)
Dir hutt e Problem mat Ärem Vëlo. (Vous avez un problème avec votre vélo.)
Dir hutt e Problem mat Ärem Haus. (Vous avez un problème avec votre maison.)
Dir hutt e Problem mat Ärer Auer. (Vous avez un problème avec votre montre.)
Si hunn e Problem mat hirem Vëlo. (Ils ont un problème avec leur vélo.)
Si hunn e Problem mat hirem Haus. (Ils ont un problème avec leur maison.)
Si hunn e Problem mat hirer Auer. (Ils ont un problème avec leur montre.)
Opgepasst: am geschwatene Lëtzebuergesch gëtt déi dacks duerch di ersat.