Les articles définis

Mam bestëmmten Artikel kann een eng Persoun oder en Objet jee no Kontext oder Situatioun méi genee definéieren. 

Am Nominativ an Akkusativ singulier ass déi männlech Form vum bestëmmten Artikel de/den an déi weiblech a sächlech Form ass d. 

Am Nominativ an Akkusativ pluriel ass déi männlech, weiblech a sächlech Form vum bestëmmten Artikel d’.

Am Dativ singulier ass déi männlech a sächlech Form vum bestëmmten Artikel dem an déi weiblech Form ass der.

Am Dativ pluriel ass déi männlech, weiblech a sächlech Form vum bestëmmten Artikel de / den.

Deklinatioun
 MännlechWeiblechSächlechPluriel
Nominativ / Akkusativde/dend’d’d’
Dativ dem der demde/den

Nominativ an Akkusativ

MännlechWeiblechSächlechPluriel
de Mannd’Auerd’Hausd’Aueren
den Hondd’Frad’Kandd’Hënn

Beispiller
Ech gesinn de Mann. (Je vois l’homme.)

Ech gesinn den Hond. (Je vois le chien.)

D’Auer ass schéin. (La montre est belle.)

D’Fra ass schéin. (La femme est belle.)

D’Haus ass kleng. (La maison est petite.)

D’Kand ass kleng. (L’enfant est petit.)

Ech gesinn d’Aueren. (Je vois les montres.)

Ech gesinn d’Hënn. (Je vois les chiens.)

Dativ

MännlechWeiblechSächlechPluriel
dem Mannder Auerdem Hausde Fraen
dem Hondder Fradem Kandden Hënn

Beispiller

Ech hellefen dem Mann. (J’aide l’homme.)

Ech hellefen dem Hond. (J’aide le chien.)

Ech hunn e Problem mat der Auer. (J’ai un problème avec la montre.)

Ech hellefen der Fra. (J’aide la femme.)

Ech hunn e Problem mat dem Haus. (J’ai un problème avec la maison.)

Ech hellefen dem Kand. (J’aide l’enfant.)

Ech hellefen de Fraen. (J’aide les femmes.)

Ech hellefen den Hënn. (J’aide les chiens.)