De Passé
D’Vergaangenheet gëtt am Lëtzebuergesche meeschtens mam Passé composé ausgedréckt.
Le passé composé est la forme la plus courante pour exprimer le passé en luxembourgeois.
De Passé composé besteet aus
– dem Hëllefsverb hunn (avoir) + Participe passé
– oder dem Hëllefsverb sinn (être) + Participe passé
Le passé composé est formé
– soit avec l’auxiliaire hunn (avoir) + participe passé,
– soit avec l’auxiliaire sinn (être) + participe passé.
A) Auxiliaire hunn + participe passé
Ech hunn en Haus gebaut. > J’ai construit une maison.
Du hues en Haus kaf / kaaft. > Tu as acheté une maison.
Hien huet vill geschlof. > Il a beaucoup dormi.
Mir hu vill geschafft. > Nous avons beaucoup travaillé.
Opgepasst: sech + Verb / Attention:
sech wäschen: Ech hu mech gewäsch. > Je me suis lavé. (Donc: pas le même auxiliaire qu’en français)
sech undoen: Ech hu mech ugedoen. > Je me suis habillé.
B) Auxiliaire sinn + participe passé
D’Hëllefsverb sinn gëtt vill manner benotzt.
Haaptsächlech bei Beweegungen
oder bei enger Verännerung vum Zoustand.
L’auxilaire sinn est nettement moins utilisé. O
n ne le trouve généralement qu’avec des verbes de mouvement ou des verbes qui signalent un changement d’état.
Ech sinn an de Kino gaang. > Je suis allé au cinéma.
Et ass näischt geschitt. > Rien ne s’est passé.
Ech sinn ageschlof. > Je me suis endormi.
Hien ass gestuerwen. > Il est décédé.
Mir sinn net laang bliwwen. > Nous ne sommes pas restés longtemps.
Ech sinn aarm gewiescht. > J’ai été pauvre.
Ech sinn Dokter ginn. > Je suis devenu médecin.
C) Le participe passé / De Partizip perfekt
-reegelméisseg
bauen: Dës Firma huet mäin Haus gebaut.
-onreegelméisseg
briechen: Hien huet d’Brout gebrach.
Méi Informatiounen iwwer de Participe passé fannt der hei:
Le participe passé / De Partizip perfekt
D) Exercicer
Exercice Passé composé Nr. 2
Exercice Passé composé Nr. 3 (de Stot maachen)
An der Vakanz: hunn oder sinn?
Tableau
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel | |
---|---|---|---|---|
Nominativ / Akkusativ | de/den | d’ | d’ | d’ |
Dativ | dem | der | dem | de/den |
Tableau
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
de/den | d’ | d’ | d’ |
dem | der | dem | de/den |
Beispiller
Opgepasst: am geschwatene Lëtzebuergesch gëtt déi dacks duerch di ersat.
Exercicer
Lien vers LearningApps.org