D'Modalverben

D’Modalverben: mussen, kënnen, däerfen, sollen

Tableau 1
mussen (devoir)kënnen (pouvoir)däerfen (être autorisé)sollen (être supposé)

Ech muss
Du muss
Hien, hatt, si muss
Mir mussen
Dir musst
Si mussen

Ech kann
Du kanns
Hien, hatt, si kann
Mir kënnen
Dir kënnt
Si kënnen
Ech däerf
Du däerfs
Hien, hatt, si däerf
Mir däerfen
Dir däerft
Si däerfen
Ech soll
Du solls
Hien, hatt, si soll
Mir sollen
Dir sollt
Si sollen

D’Modalverben: net brauchen, wëllen, wäerten, (wëssen)

Tableau 2
net brauchen (pas besoin) wëllen (vouloir) wäerten (probabilité) (wëssen – savoir)

Ech brauch net
Du brauchs net
Hien, hatt, si brauch net
Mir brauchen net
Dir braucht net
Si brauchen net

Ech wëll
Du wëlls
Hien, hatt, si wëll(t)
Mir wëllen
Dir wëllt
Si wëllen
Ech wäert
Du wäers
Hien, hatt, si wäert
Mir wäerten
Dir wäert
Si wäerten
(Ech weess)
(Du weess)
(Hien, hatt, si weess)
(Mir wëssen)
(Dir wësst)
(Si wëssen)

A) Grammaire mat Beispiller:

Zu der Kategorie Modalverbe gehéieren: Sont considérés comme verbes de modalité:
- net brauchen (avec ze): Ech brauch dat net ze maachen. (Je n’ai pas besoin de faire cela.)

– cf. och: Hie brauch keen Auto ze kafen. Hatt brauch nëmmen nach akafen ze goen.

 

– däerfen (dierfen): Ech däerf dat net maachen. (Je n’ai pas le droit de faire cela.)

 

– kënnen: Ech kann dat net maachen. (Je ne peux pas faire cela.)

 

– mussen: Ech muss dat maachen. (Je dois faire cela.)

 

– sollen: Ech soll dat maachen. (Je suis censé faire cela.)

 

– wëllen: Ech wëll dat maachen. (Je veux faire cela.)

 

– wäerten: Ech wäert dat nach maachen. (Je vais fort probablement encore faire cela.)

 

“Wäert(en)” ass kee prototypescht Futurhëllefsverb. Firwat? Well et kee richtegen Infinitiv huet an och am Gebrauch net just eng “temporal” Funktioun huet. […] Seng Funktioun ass temporal-modal. cf. C.Döhmer

 

– (wëssen ): Ech weess dat ze schätzen. (Je sais apprécier cela.)

  • Dës Verbe kënne Follgendes ausdrécken:
  • – eng Obligatioun (mussen)
  • – eng Erlabnes (däerfen)
  • – eng Fäegkeet (kënnen)
  • – e Wëllen (wëllen)
  • – e gudde Rot (sollen)
  • – e Pronostic (wäerten)

Ces verbes peuvent exprimer:

– une obligation (mussen)
– une autorisation (däerfen)
– une capacité intellectuelle ou physique (kënnen)
– une volonté (wëllen)
– un conseil appuyé (sollen)
– un pronostic (wäerten).

➤ Dës Verben hu keen -en
(éischt Persoun am Present)
➤ Ces verbes n’ont pas la marque -en
à la première personne de l’indicatif présent:

ech kann, ech muss, ech soll …

➤ Dës Verben hu keen Imperativ an och kee Passiv.
Ausser “wëssen”: Et ass gewosst, datt …
➤ Ces verbes n’ont pas d’impératif et pas de passif.
Sauf “wëssen”: Comme on sait que …
➤ Si sinn onreegelméisseg a ginn dacks vun engem Infinitiv begleet. ➤ Ils ont une conjugaison irrégulière et sont souvent accompagnés d’un verbe à l’infinitif.

Ech wëll dat elo maachen. (Je veux faire cela maintenant.)

➤ Dëst Verb am Infinitiv kann um Schluss vum Saz feelen, well schonns ugedeit. ➤ Ce verbe à l’infinitif peut parfois être absent en fin de phrase, car sous-entendu.

Ech muss an d’Stad goen → Ech muss an d’Stad. (Je dois aller en ville.)
Ech ka Lëtzebuergesch schwätzen. → Ech ka Lëtzebuergesch. (Je sais parler luxembourgeois.)

➤ Am Conditionnel présent hu si gewéinlech keen Hëllefsverb: ➤ Ils n’ont normalement pas d’auxiliaire au conditionnel présent:

Ech wëll elo net an d’Stad goen.
→ Ech wéilt elo net an d’Stad goen. (Je ne voudrais pas aller ville maintenant.)
Ech ka Lëtzebuergesch schwätzen.
→ Ech kéint Lëtzebuergesch schwätzen. (Je pourrais parler luxembourgeois.)
Mä: Ech wéisst dat elo gär / Ech géif dat elo gär wëssen.

D’Modalverben
am Passé composé an am Conditionnel passé:
Verbes de modalité
au passé composé et au conditionnel passé:
➤ ouni Infinitiv ➤ sans Infinitif

Passé composé: Ech hunn dat net gewollt. (Je n’ai pas voulu cela.)
Passé composé: Ech hunn dat net gebraucht. (Je n’ai pas eu besoin de ça.)
Conditionnel passé: Ech hätt dat net gewollt. (Je n’aurais pas voulu cela.)
Conditionnel passé: Ech hätt dat net gebraucht. (Je n’aurais pas eu besoin de ça.)

➤ mat engem Infinitiv hannendrun:
de Partizip perfekt vum Modalverb gëtt dann duerch säin Infinitiv ersat.
➤ suivi d’un infinitif:
le participe passé du verbe de modalité est alors remplacé par son infinitif.

Passé composé: Ech hunn dat net wëlle maachen. (Je n’ai pas voulu faire cela.)
Passé composé: Ech hunn dat net brauchen ze maachen. (Je n’ai pas eu besoin de faire ça.)
Conditionnel passé: Ech hätt dat net wëlle maachen. (Je n’aurais pas voulu faire cela.)
Conditionnel passé: Ech hätt dat net brauchen ze maachen. (Je n’aurais pas eu besoin de faire cela.)

Ausser / sauf:
passé composé: Ech hunn dat net misse maachen. (Je n’ai pas dû faire cela.)
conditionnel passé: Ech hätt dat net misse maachen. (Je n’aurais pas dû faire cela.)

➤ Opgepasst op déi syntaktesch Flexibilitéit: ➤ Attention à la flexibilité syntaxique:

Ech hunn net sange missen < > Ech hunn net misse sangen.
Mir bidden him un, nom Cours betreit kënnen ze ginn.
< > Mir bidden him un, nom Cours kënne betreit ze ginn.

➤ Mat engem Infinitiv an der Vergaangenheet ➤ Avec un infinitif passé

Ech konnt dat net gewiescht sinn. (Je ne pouvais pas avoir été cela).
Ech wäert dat muer nach net gemaach hunn.(Je ne vais problablement pas encore avoir fait cela demain),

B) Quellen:

● Lulling Jérôme: Verbentabellen op Lëtzebuergesch (2014)
● Schwätzt Dir Lëtzebuergesch? A2.2 – Säit 138

C) Linken an Exercicer:

★ Exercice: Modalverben (Tabell)
★ Exercice: Modalverben (zouuerdnen)
★ Exercice: Modalverben (däerfen)

★ En Diktat mat Modalverben

★ Nach méi Informatiounen iwwer d’Modalverben (Luxogramm)
★ Syntax: D’Modalverben am Niewesaz (100Komma7)
★ Aspekte der luxemburgischen Syntax (op Däitsch)

★ Wikipedia Deutsch: Flexion ‘brauchen’

★ Wikipedia: modal verbs in germanic languages
★ Wikipedia: Les auxiliaires modaux dans les langues germaniques
★ Letudiant.fr: Les verbes de modalité en allemand

– C. Döhmer:
https://www.100komma7.lu/article/wessen/prototyppen-an-der-linguistik
https://www.100komma7.lu/article/wessen/d-bedeitung-vum-hellefsverb-waert

Striped Table

For zebra-striped tables, use the nth-child() selector and add a background-color to all even (or odd) table rows:

MON TUE WED THU FRI SAT SUN
             
             
             
             

Test 1

Opgepasst: am geschwatene Lëtzebuergesch gëtt déi dacks duerch di ersat.

 

Exercicer

Lien vers LearningApps.org