Den Imperativ
Mam Imperativ dréckt ee fir gewéinlech en Uerder aus.
Mir ënnerscheeden:
– Zweet Persoun singulier (du)
hei besteet den Imperativ bei deene meeschte Verben aus dem Infinitiv ouni d’Endung -en:
maachen: Maach dat elo!
schwätzen: Schwätz mat him!
nolauschteren: Lauschter gutt no!
– Zweet Persoun pluriel (dir / Dir)
hei besteet den Imperativ bei deene meeschte Verben aus der zweeter Persoun pluriel:
maachen: Maacht dat elo!
schwätzen: Schwätzt mat him!
nolauschteren: Lauschtert gutt no!
Et gëtt eng Rei Ausnamen:
goen: Géi elo!
opstoen: Stéi op!
sinn: Sief brav!
Exercice:
Beispiller
Opgepasst: am geschwatene Lëtzebuergesch gëtt déi dacks duerch di ersat.