Den Imparfait

Net vill Verben hunn en Imparfait
(meeschtens mat ou).
Hei eng Lëscht mat Héichfrequenz-Verben, e puer vun hinnen hunn och eng dialektal Variant.

Très peu de verbes ont une forme d’imparfait ou de prétérit (souvent avec ou).
Sont repris ici les plus utilisés, certains possèdent aussi une variante dialectale.
 

hunn (avoir)

ech hat
du has
hien hat
mir haten
dir hat
si haten

sinn (être)

ech war
du waars
hie war
mir waren
dir waart
si waren

bleiwen (rester)

ech blouf
du bloufs
hie blouf
mir blouwen
dir blouft
si blouwen

däerfen (être autorisé)

ech duerft
du duerfs
hien duerft
mir duerften
dir duerft
si duerften

 

denken (penser)

ech duecht / duet
du duechts / dues
hien duecht
mir duechten
dir duecht
si duechten

ginn (donner, devenir)

ech gouf
du goufs
hie gouf
mir goufen
dir gouft
si goufen

goen (aller)

ech goung
du goungs
hie goung
mir goungen
dir goungt
si goungen

hänken (être accroché)

ech houng / hung
du houngs
hien houng
mir houngen
dir houngt
si houngen

 

kënnen (pouvoir)

ech konnt
du konns
hie konnt
mir konnten
dir konnt
si konnten

kommen (venir)

ech koum
du koums
hie koum
mir koumen
dir koumt
si koumen

kréien (recevoir)

ech krut
du krus
hie krut
mir kruten
dir krut
si kruten

leien (être allongé)

ech louch / luch / loung
du louchs
hie louch
mir louchen
dir loucht
si louchen

 

sëtzen(être assis)

ech souz / suz
du souz / suz
hie souz / suz
mir souzen / suzen
dir souzt / suuzt
si souzen / suzen

soen (dire)

ech sot
du sos
hie sot
mir soten
dir sot
si soten

sollen (être censé)

ech sollt
du sollts
hie sollt
mir sollten
dir sollt
si sollten

stoen (être debout)

ech stoung / stung
du stoungs
hie stoung
mir stoungen
dir stoungt
si stoungen

 

wëllen(vouloir)

ech wollt
du wollts
hie wollt
mir wollten
dir wollt
si wollten

wëssen (savoir)

ech wousst / wosst
du wousst / wosst
hie wousst / wosst
mir woussten / wossten
dir wousst / wosst
si woussten / wossten

 

 

➤ Et gëtt bal keen Ënnerscheed tëscht dem Imparfait an dem Passé composé, cf.:

➤ Il n’existe guère de différence entre l’emploi de l’imparfait et du passé composé, cf.:

Gëscht hat ech keng Zäit. = Gëschter hunn ech keng Zäit gehat.
(Je n’avais pas / je n’ai pas eu de temps hier.)

 

➤ Vill Modalverben hunn en Imparfait.

➤ Beaucoup de verbes de modalité ont un imparfait.

➤ Rar: maachen
ech mouch, du mouchs, hie mouch
mir mouchen, dir moucht, si mouchen

Mir soen éischter: ech hu gemaach

➤ Rare: faire

je faisais, tu faisais …

 

On dirait plutôt: j’ai fait …

Opgepasst