D'Nimm - De Pluriel

 

Et gëtt e puer Méiglechkeeten, fir de Pluriel auszedrécken:Plusieurs marques de pluriel
sont possibles:

1) D’Endung -en
2) D’Endung -er
3) Ouni Endung
4) De Vokal ännert (Infigéierung)
5) Franséisch Wierder
6) Verschiddenes (Assimilatioun, zwou Méiglechkeeten, -chen, d’Endung -s …)
7) Exercicer


1 -en

▶ bal nëmme bei
männlechen a weibleche Wierder:
presque seulement
chez des noms masculins et féminins:

männlech:

een Auto (m.) ➜ dräi Autoen
en Dokter (m.) ➜ dräi Dokteren
en Handy (m.) ➜ vill Handyen
e Radio (m.) ➜ dräi Radioen

weiblech:

eng Auer (w.) ➜ vill Aueren (montre)
eng Bank (w.) ➜ fënnef Banken
eng Bomi (w.) ➜ dräi Bomien (grand-mère)
eng Buerg (w.) ➜ vill Buergen
eng Blumm (w.) ➜ vill Blummen
eng Dauf (w.) ➜ dräi Dauwen
eng Fra (w.) ➜ dräi Fraen (femme)
eng Strooss (w.) ➜ zwou Stroossen (rue)

Rar bei sächleche Wierder:

en A (s.) ➜ vill Aen (oeil)
en Déier (s.) ➜ vill Déieren (animal)
en Ouer (s.) ➜ vill Oueren (oreille)

 

2 -er

▶ bei männlechen a virun allem sächleche Wierder:chez des noms masculins et surtout neutres:

e Bett (s.) ➜ vill Better (lit)
e Briet (s.) ➜ dräi Brieder (planche)
e Beispill (s.) ➜ fënnef Beispiller (exemple)
een Heft (s.) ➜ dräi Hefter (cahier)
e Gesiicht (s.) ➜ vill Gesiichter (visage)
e Gesetz (s.) ➜ dräi Gesetzer (loi)
e Seel (s.) ➜ dräi Seeler (corde)
e Stéck (s.) ➜ vill Stécker (morceau)

en Dësch (m.) ➜ dräi Dëscher (table)
e Bësch (m.) ➜ vill Bëscher (forêt)
e Bierg (m.) ➜ vill Bierger (montagne)

 


3 Ouni Endung

▶ Näischt ännert:Rien ne change: (sans marque)

männlech:

en Awunner (m.) ➜ vill Awunner (citoyen)
e Bierger (m.) ➜ vill Bierger (citoyen)
en Escher (m.) ➜ vill Escher (habitant d’Esch)
e Feeler ➜ vill Feeler (erreur)
ee Fësch (m.) ➜ dräi Fësch (poisson)
en Italieener (m.) ➜ vill Italieener
e Keefer (m.) ➜ vill Keefer (acheteur)
e Lëtzebuerger (m.) ➜ vill Lëtzebuerger
e Schong (m.) ➜ vill Schong (chaussure)

e Vertrieder (m.) ➜ vill Vertrieder (représentant)
e Bedreiwer (m.) ➜ vill Bedreiwer (gérant)
e Posten (m.) ➜ vill Posten (un poste / a job)
e Politiker (m.) ➜ vill Politiker (politicien)
e Spiller (m.) ➜ vill Spiller (joueur)
e Sportler (m.) ➜ vill Sportler
en Amerikaner ➜ dräi Amerikaner
en Europäer ➜ vill Europäer
e Gewerkschaftler ➜ vill Gewerkschaftler
e Schëfflenger ➜ vill Schëfflenger
e Péitenger ➜ vill Péitenger
en Ettelbrécker ➜ vill Ettelbrécker
e Verspriechen ➜ vill Verspriechen
e Fuerscher ➜ vill Fuerscher
e Géigner ➜ vill Géigner

weiblech:

eng Decken (w.) ➜ dräi Decken (couverture)
eng Kichen (w.) ➜ fënnef Kichen (cuisine)
eng Strëmp (w.) ➜ vill Strëmp (chaussette)

sächlech:

e Been (s.) ➜ aacht Been (jambe)
ee Këssen (s.) ➜ dräi Këssen (coussin)
e Paërd (s.) ➜ vill Päerd (cheval)

Opgepasst:
Hie kënnt aus engem gudden Haus. (kee Pluriel méiglech = il est issu d’une famille respectée)

männlech a weiblech:

en Ananas ➜ dräi Ananas
eng Ananas ➜ dräi Ananas

männlech a sächlech:

e schéinen / e schéint Turnéier ➜ dräi schéin Turnéier
e schéine(n) / schéint Wopen ➜ dräi schéi Wopen

weiblech a sächlech:

eng / e Buedzëmmer ➜ dräi Buedzëmmer
eng / e Klassebescht ➜ dräi Klassebescht
eng / e Läinzeechen / Leenzeechen ➜ dräi Läinzeechen / Leenzeechen

 


4 De Vokal ännert (Infigéierung / Infigierung)

▶ De Vokal ännert heiansdo bei meeschtens monosyllabesche Wierder:Changement vocalique parfois chez des noms surtout monosyllabiques:

e Bam ➜ dräi Beem (arbre)
e Rot ➜ vill Réit (conseil)
eng Kou ➜ vill Kéi (vache)
e Stull ➜ vill Still (chaise)

a: ➜

e Bam (m.) ➜ dräi Beem (arbre)
en Dag (m.) ➜ dräi Deeg (jour)
en Dram (m.) ➜ vill Dreem (rêve)

e Fall (m.) ➜ vill Fäll (cas)
e Kapp (m.) ➜ vill Käpp (tête)

e Gaart (m.) ➜ vill Gäert (jardin)
e Maart (m.) ➜ vill Mäert (marché)

e Schaf ➜ fënnef Schief (armoire)

e Mantel (m.) ➜ vill Mäntel (manteau)
e Gaascht (m.) ➜ vill Gäscht (hôte)

eng Panz (w.) ➜ vill Pänz (panse)
e Schwanz (m.) ➜ vill Schwänz (queue)

au: ➜

eng Laus ➜ vill Lais (pou)
eng Maus ➜ dräi Mais (souris)

o: ➜

en Drot (m.) ➜ vill Dréit (fil en métal)
e Rot (m.) ➜ vill Réit (conseil)
e Rotschlo (m.) ➜ vill Rotschléi (conseil)
e Stot (m.) ➜ vill Stéit (ménage)

e Won (m.) ➜ dräi Ween (voiture)
en Nol (m.) ➜ vill Neel (clou)
Mä: eng Nol (w.) ➜ vill Nolen (aiguille [d’un conifère]; aiguille [à coudre])

e Sprong (m.) ➜ dräi Spréng (saut)

ou: ➜

e Bou (m.) ➜ dräi Béi (arc)
e Fouss (m.) ➜ zwee Féiss (pied)
e Mount (m.) ➜ zwielef Méint (mois)

eng Flou (w.) ➜ vill Fléi (puce)
eng Kou (w.) ➜ dräi Kéi (vache)

u: ➜

e Brudder (m-) ➜ vill Bridder (frr)
e Fuuss (m.) ➜ dräi Fiiss (renard)
en Hutt (m.) ➜ vill Hitt (chapeau)
en Numm (m.) ➜ vill Nimm (nom)
e Stull (m.) ➜ vill Still (chaise)
e Plou (m.) ➜ dräi Pléi (charrue)
e Coup ➜ vill Ki (beaucoup de coups)
e Vugel ➜ fënnef Vigel (oiseau)
e Versuch ➜ vill Versich (essai)
en Zuch ➜ dräi Zich (train)

Mä: e Kuch ➜ vill Kuchen (gâteau)

ue: ➜

e Kuerf (m.) ➜ vill Kierf (corbeille)

cf. och Joshgun Sirajzade: Pluralinfigierung, Infix

Vokalännerung + Endung “er”

e Lach (s.) ➜ vill Lächer (trou)
e Fach (s.) ➜ vill Fächer (casier), (branche [d’enseignement])

ee Blat (s.) ➜ dräi Blieder (feuille)
e Glas (s.) ➜ vill Glieser (verre)
e Rad (s.) ➜ vill Rieder (roue)

e Buch (s.) ➜ fënnef Bicher (livre)

en Haus (s.) ➜ dräi Haiser (maison)
Opgepasst: Hie wunnt fënnef Haus méi uewen an der Strooss.

e Kraut (s.) ➜ vill Kraider (herbe, plante)

e Land (s.) ➜ vill Länner (pays)

en Hong (s.) ➜ vill Hénger (poule)

en Duch (s.) ➜ vill Dicher (serviette, essuie-mains)

en Duerf (s.) ➜ dräi Dierfer (village)
e Wuert (s.) ➜ vill Wierder (mots)

e Mann (m.) ➜ dräi Männer (homme)

 


5 franséisch Wierder

▶ meeschtens mat -en:généralement avec la marque -en:

een Timber ➜ dräi Timberen
ee Bijou ➜ dräi Bijouen
ee Camion ➜ dräi Camionen
e Client ➜ vill Clienten
eng Grande-Surface ➜ vill Grande-Surfacen
en Don ➜ vill Donen
e Pompjee ➜ vill Pompjeeën
e Fait ➜ vill Faiten

En Appartement (prononcé comme en français: \a.paʁ.tə.mɑ̃\ ) ➜ dräi Appartementen

mä: dräi Appartementer, fënnef Renseignementer

 


6 Verschiddenes (Divers)

▶ Opgepasst op d’Assimilatiounen:
nd ➜ nn; ld ➜ ll; mp ➜ mm
Attention aux assimilations:
nd ➜ nn; ld ➜ ll; mp ➜ mm

ee Kand ➜ dräi Kanner (trois enfants)
een Zant ➜ vill Zänn (beaucoup de dents)
en Hond ➜ vill Hënn / Honn (beaucoup de chiens)
e Frënd ➜ vill Frënn (beaucoup d’amis)

ee Bild ➜ vill Biller (beaucoup d’images)

ee Kamp ➜ vill Kämm (beaucoup de peignes)

▶ Numm + chen:Nom + diminutif ‘chen’:

männlech:

ee Kichelchen ➜ dräi Kichelcher (trois biscuits)
e Puppelchen ➜ dräi Puppelcher (trois bébés)
ee Schantjen ➜ dräi Schantercher (trois chantiers)

weiblech:

eng Maischen ➜ dräi Maisercher (petite souris)

sächlech:

ee Meedchen ➜ dräi Meedercher (trois filles)
e Bréitchen ➜ dräi Bréidercher (trois petits pains)

▶ Zwou Méiglechkeeten:Deux possibilités:

en Adjektiv ➜ vill Adjektiven, vill Adjektiver
e Bic ➜ vill Bicken, vill Bicker
e Bus ➜ vill Bussen, vill Busser

en Haus (s.) ➜ dräi Haiser (maison)
Opgepasst: Hie wunnt fënnef Haus méi uewen an der Strooss.

e Versuch ➜ vill Versich (tentative)
e Versuch ➜ d’Wäerter baséieren op Versucher mat Zellkulturen (Source: LOD.lu, August 2022)

▶ Aner Kuriositéiten:Autres curiosités:

▷ Opgepasst:

ee Steen ➜ dräi Steng (trois pierres)
ee Risiko ➜ vill Risiken (beaucoup de risques)
eng Piisch ➜ vill Pijen (pêche)

▷ Verduebelt Plurielsendungen:

e Paparazzo ➜ vill Paparazzien, amplaz vun: Paparazzoen
e Spaghetto ➜ vill Spaghettien, amplaz vun: Spaghettoen, cf. och: eng gutt Spag(h)etti

Mä: e Limoncello ➜ dräi Limoncelloen

▷ den -s bei englesche Wierder:

en Highlight ➜ vill Highlights (Highlighter)
e Link ➜ vill Links (oder vill Linken)

▷ Wierder, déi et nëmmen am Pluriel gëtt:

d’Elteren (parents), d’Käschten (frais), d’Leit (les gens)

▷ Wierder, déi et nëmmen am Singulier gëtt:

d’Waasser, de Botter, d’Keelt, d’Eisen, d’Geméis, d’Polizei, d’Gemeckers

 


7 Exercice:

1. Haus: Gesäis du déi dräi Haiser?

2. Fësch: Ëss du gär déi sechs Fësch?

3. Zuch: Héiers du déi vill Zich?

4. Affekot: Kenns du déi fënnef Affekoten?

5. Kand: Hues du vill Kanner?

6. Dommheet: Ziel net esou vill Dommheeten!

Aner Exercicer:

Exercice Nr.1: weiblech, männlech, sächlech, pluriel
Exercice Nr.2: -en, -er … ?
Test mat FORMS

Material dozou:

Wikipedia (Méizuel)
François Schanen (2004): Parlons luxembourgeois (Buecher.de)

Land.lu – Schanen (3/2015): De Pluriel vu franséische Wierder
Land.lu – Schanen (10/11/2006): Ongebännegt Allomorphie bis
Land.lu – Schanen (14/6/2006): Ongebännegt Allomorphie
Land.lu – Reisdoerfer (3/11/2006): Remarques sur la grammaire de la langue luxembourgeoise

Mein-Deutschbuch.de: Pluralbildung im Deutschen
Buchstaben.com: kreative Plural-Bildung

– Joshgun Sirajzade (2013, Säit 99-107): Das luxemburgischsprachige Oeuvre von Michel Rodange (1827-1876)
– Schanen François (2004): Parlons luxembourgeois
– Lëtzebuergesch léiere mat Mp3 – VDL.lu (2008)

Tableau
 MännlechWeiblechSächlechPluriel
Nominativ / Akkusativde/dend’d’d’
Dativ dem der demde/den
Tableau
Männlech Weiblech Sächlech Pluriel
de/den d’ d’ d’
 dem  der  dem de/den

Beispiller

 

Opgepasst: am geschwatene Lëtzebuergesch gëtt déi dacks duerch di ersat.

 

Exercicer

Lien vers LearningApps.org