Nimm - de Genre
1) Firwat ass de Genre wichteg?
2) D’Endung
3) männlech
4) weiblech
5) sächlech
6) Zesummegesate Wierder
7) Zwee Genren
8) Diminutivsuffixen: -chen …
9) Ënnerscheeder: Lëtzebuergesch / Däitsch
10) De Genre vun nominaliséierten Adjektiver a Verben
11) Exercicer
1 Firwat ass de Genre wichteg?
(Pourquoi le genre est-il important?)
➤ Artikelen:
en Hond / den Hond (m.) (un chien / le chien – a dog / the dog)
eng Fra / d’Fra (w.) (une femme / la femme – a woman / the woman)
en Haus / d’Haus (s.) (une maison / la maison – a house / the house)
➤ Pluriel: dräi Autoen (m.), dräi Fraen (w.), dräi Hefter (s.)
➤ Adjektiv: en neien Auto (m.), eng nei Auer (w.), en neit Heft (s.) (cahier)
➤ Direktioun:
Ech ginn an den Theater (m.). Ech ginn an d’Schoul (w.).
Ech ginn an d’Zëmmer (s.).
➤ Positioun:
Ech sinn an dem (=am) Theater. Ech sinn an der Schoul.
Ech sinn an dem (=am) Zëmmer.
cf.: Am Däitsche si
– 46% vun de Wierder weiblech
– 34% vun de Wierder männlech
– 20% vun de Wierder sächlech
Opgepasst: Wierder mat Artikel gi groussgeschriwwen. | Attention: les mots avec article sont écrits avec majuscule. |
De Genre vun engem Wuert ass schwéier rauszefannen. | Il est difficile de déceler le genre d’un mot. |
De Genre vun engem Wuert hänkt heiansdo vun der Endung of. | La terminaison d’un nom peut aider à déceler son genre. |
➤ Suffixen:
de Sekretär, de Millionär, de Kommissär
de Passage, den Triage, de Vernissage
de Student, de President
den Hunneg, den Esseg
de Politiker, den Techniker, den Informatiker
den Topert (l’idiot), den Driibsert
den Tozert, w: eng Toz
den Amateur, den Ingenieur
de Polizist, de Kapitalist, den Optimist
den Telefon, de Megafon, de Babyfon
den Auto, de Kino, de Büro
de Motor, den Emulator, de Prior, de Rollator
de Feminismus, de Kapitalismus
den Zentrum, den Datum, den Album
de Wuesstum, de Räichtum
D’Transportmëttele si meeschtens männlech: | Les moyens de transport sont souvent masculins: |
den Auto, den Zuch, de Bus, de Vëlo …
Mä: eng Camionnette
D’Wochendeeg, d’Méint, d’Dageszäite si männlech: | Sont masculins: les jours de la semaine, les mois et l’heure du jour: |
de Méindeg, den Dënschdeg …
de Mäerz, den Abrëll …
de Moien, de Mëtten, den Nomëtten, den Owend
Mä: d’Nuecht
Déi véier Himmelsrichtunge si männlech: | Sont masculins: les quatre points cardinaux |
den Norden, de Süden, den Osten, de Westen
Wierder iwwer d’Wieder si männlech. | Sont masculins: les mots concernant la météo |
de Reen, de Schnéi, de Wand, den Niwwel, de Stuerm
Mä: d’Wollek (w.)
D’Autosmarke si meeschtens männlech: | Sont masculins: les marques de voiture |
en Audi, e BMW, e Mercedes, e VW 🡸 cf. en Auto (m.), en Automobill (m.)
Mä: e Ferrari / eng Ferrari ; e Jeep (rar) / eng Jeep, seng Porsche / säi Porsche, eng Renault Alpine
D’Gedrénks ass männlech: | Sont masculins: les boissons |
den Alkohol, de Wäin, de Jus, de Schampes, de Béier
Mä: eng Drëpp (w.), d’Waasser (s.)
D’Wärunge si männlech: | Sont masculins: les unités monétaires |
den Dollar, den Euro, de Rubel, de Peso
Mä: d’Pond
D’Buschtawe si männlech: | Les lettres sont masculines: |
den A, de B, den C, den D, den Z
Mä: d’A = sächlech (l’oeil)
➤ Suffixen:
d’Aarbecht (le travail), d’Gewunnecht (l’habitude), d’Heemecht (la patrie)
d’Fotell, d’Poubelle
d’Bäckerei (la boulangerie), d’Metzlerei
eng Toilette, eng Zigarett, eng Forschett, eng Camionnette, eng Baguette
d’Existenz, d’Differenz
d’Buergermeeschtesch (la maire), d’Ministesch
d’Schéinheet (la beauté), d’Fräiheet
d’Studentin, d’Frëndin (la copine),
d’Invitatioun, d’Relioun, d’Regioun
d’Universitéit, d’Qualitéit
d’Opmierksamkeet (l’attention),d’Klengegkeet
d’Wëssenschaft (la science), d’Gesellschaft(la société)
d’Heizung (le radiateur), d’Rechnung (l’addition)
d’Politik, d’Mathematik
d’Natur, d’Kultur, d’Temperatur
d’Hëtzt, d’Kränkt, d’Dréchent
D’Nimm vun de Beem, de Blummen an de Friichte si gewéinlech weiblech: | Les noms des arbres, des fleurs et des fruits sont normalement féminins: |
eng Dänn, eng Rous, eng Palm, eng Bier, eng Banann, eng Drauf
Mä: de Bam (m.)
➜ en Apel, en Äppelbam = männlech
eng Bier (une poire / a pear), eng Banann, eng Drauf (raisin / grape)
Mä: en Apel masculin (une pomme / an apple; un pommier)
D’Zuele si weiblech: | Sont féminins: les chiffres et les nombres |
eng Dräi, eng Eelef, eng Zwanzeg
➤ Suffixen:
e Medikament, en Argument, en Instrument
en Dokument, en Experiment
e Gesiicht, e Geriicht, e Liicht
sächlech + männlech: en Theema, e Klima, en Drama
➤ Den Zirkumfix Ge- …. + s:
d’Gebläers, d’Geméis, d’Gedrénks (les légumes, les boissons), d’Gestreits (les disputes)
D’Nominaliséierunge vu Verben oder Adjektiver: | Les nominalisations de verbes ou d’adjectifs |
rechnen – d’Rechnen (Hien ass net gutt am Rechnen.)
gutt – Hie gleeft un dat Gutt an all Mënsch. (Il a la foi en la bonté qui est en chaque homme.)
schéin – dat Schéint
D’Faarwen a verschidde Stoffer si sächlech: | Les couleurs et certaines étoffes sont neutres: |
dat Blot, dat Schwaarzt, dat Gielt
d’Glas, d’Holz, d’Gold
Mä: de Plastik, den Ueleg
Weiblech Virnimm si sächlech: | Les prénoms féminins sont neutres: |
Ech gi bei d’Chantal. (s.) / Ech gi bei d’Madame Lopez. (w.)
Ech schwätze mat dem Chantal = mam Chantal. (s.)
Ech schwätze mat der Madame Lopez. (w.)
cf. am Lëtzebuergeschen: dat aarmt Framënsch, dat glécklecht Meedchen
cf. la différence en français entre: Madame et Mademoiselle
cf: den Unterschied im Deutschen zwischen: Frau und Fräulein
cf.: The split into Mrs for married women and Miss for unmarried began during the 17th century (en.Wikipedia.org)
cf.: According to the Royal Academy of the Spanish Language, señora is used to refer to married or widowed women,
while señorita is reserved for single women.
D’Nimm vun de Länner si meeschtens sächlech: | Les noms des pays sont majoritairement neutres: |
Lëtzebuerg, Frankräich, Russland, Däitschland, Portugal, Brasilien …
– mat Artikel a weiblech(avec article et féminin):
d’Belsch, d’Schwäiz, d’Tierkei
– mat Artikel a männlech (avec article et masculin):
den Iran, den Irak, den Nepal, de Pakistan, de Vietnam
Bei zesummegesatene Wierder bestëmmt dat lescht Wuert de Genus. | Les noms composés ont normalement le genre du dernier élément nominal. |
e Jus (masc.)+ eng Piisch (fém) => de Pijejus (masc.) = jus de pêche
eng Summerpaus (w.), de Véidokter (m.), de Kannersëtz (m.)
➤ Ausname bei Kierzungen:
de Kanddaf 🡸 de *Kanddafsdag (= le mot Dag impose son genre masculin)
de Mëttwoch 🡸 de *Mëttwochsdag (= le mot Dag impose son genre masculin)
➤ Zwee Genren:
(m+s) Eegentum: den Eegentum, d’Eegentum
(m+s) en Theema, e Klima, en Drama
Garage (m+w): de Garage, d’Garage
e Renseignement (s): information (\ʁɑ̃.sɛ.ɲə.mɛnt – cf. Element)
de Renseignement (m): information desk (\ʁɑ̃.sɛɲ.mɑ̃\ ou \ʁɑ̃.sɛ.ɲə.mɑ̃\ – Source: Wiktionary)
Ech ruffen de Renseignement un, fir e Renseignement ze kréien.
en Appartement (s.): e schéint Appartement [mɛnt]
en Appartement (m.): e schéinen Appartement [mɑ̃]
Aarmut
Agenda
Äiszap
Äiszapf
Äiszapp
Äppelkompott
Artichaut
Avocado
Bar
Bazill
Bokemaul
Boll
Bongo
Brockelchen
Bulldog
Bulldogg
Camelote
CD
Circulaire
Collage
Crustacé
Dännenzap
Dännenzapf
Dännenzapp
Debakel
Déiereprotein
Doppelpass
Duebelpass
DVD
Eechepressessiounsraup
Episod
Feelpass
Garage
Gelatine
Gelatinn
Gesiichtsmask
Groupe
Grupp
Infinitivgrupp
Jach
Jeep
Jury
Kaarp
Kamelott
Kanddaf
Katz
Kiwi
Kompott
Kontur
Kopplabunz
Krokus
Laascht
Limonad
Litschi
Mask
Massage
Metro
Moff
Mond-Nues-Mask
Moud
Mutant
Otemschutzmask
Pacht
Pap
Partikel
Partizipgrupp
Passe-vite
Peffermanz
Peffermënz
Peperoni
Piss
Plomb
Plooschter
Pomelo
Pottschamb
Printmedium
Protein
Provitaminn
Pujel
Ram
Rat
Raup
Reesgrupp
Reportage
Riddo
Rideau
Risikogrupp
Rucola
Schutzmask
SMS
Spaweck
Spikeprotein
Spike-Protein
Sprass
Startup
Suisse
Tüb
Tumeur
Vanill
Vitaminn
Vokabel
Wirschtchen
Wuertgrupp
Zack
Zap
Zapf
ZappSource: Lod.lu / Saz.Lu
Aarbechtsaccident
Accident
Archiv
Areal
Areesverbuet
Arsenal
Attentat
Attribut
Autosaccident
Bad
Buerer
Busaccident
Chamäleon
Championnat
Dall
Déierenasyl
Déngen
Drama
Epos
Ekipement
Encadrement
Engagement
Epos
Equipement
Ersatzdeel
Event
Extrakt
Extreem
Extrem
Finanzinstitut
Fligeraccident
Foneem
Frettchen
Fuerschungsinstitut
Fuerverbuet
Gar (fil textile)
Gesamtkonzept
Geschéck
Granulat
Haaptportal
Hospiz
Immunsystem
Individuum
Institut
Interessi
Interessen
Investissement
Jubiläum
Känguru
Karussell
Kazett
Klima
Konklav
Konzept
Konzil
Korrelat
Krokodill
Kruzifix
Kulturinstitut
KZ
Labyrinth
Lama
Leitmotiv
Lemma
Luef
Manifest
Manöver
Manuskript
Martyrium
Massaker
Mauswisel
Medium
Moos (mousse, plante)
Mosaick
Mouer
Ödeem
Original
Paiement
Parkverbuet
Payement
Pergament
Phänomeen
Phenomeen
Phoneemen
Pidderchen (Diminutivform vu Pudder)
Podest
Polster
Portal
Potential
Potenzial
Pudder
Quadrat
Raisonement
Räsonement
Raster
Reimscheema
Rektorat
Renseignement
Revéier
Ritual
Rudder
Scheema
Skalpell
Skateboard
Skelett
Snowboard
Spektrum
Staatsarchiv
Stativ
Statsarchiv
Symbol
Syndrom
Tabutheema
Tabuthema
Team
Theema
Traitement
Turnéier
Universum
Ventill
Verbuet
Verkéiersaccident
Versinn
Wisel
Wrack
Zäitalter
Zertifikat
ZuchaccidentSource: Lod.lu / Saz.Lu
Äerdbier
Bëschäerdbier
Buedzëmmer
Hammbier
Jarnéier
Kabaischen
Source: Lod.lu / Saz.Lu
➤ De Verklengerungssuffix -chen:
den Zuch (m.) ➜ den Zichelchen (m.)
en Af (m.) ➜ en Äffchen (m.)
eng Tut (w.) ➜ eng Titchen (w.)
e Päerd (s.) ➜ e Päerdchen (s.)
d’Haus (s.) ➜ d’Haischen (s.)
e Mupp (m.) ➜ e Mippchen (m.)
Mä: eng Mod (w.) ➜ e Meedchen (s.)
➤ D’Verklengerungssuffixen -i an -a:
de Bop (m.) ➜ de Bopi (m.)
de Bop ➜ de Bopa
d’Bom (w.) ➜ d’Bomi (w.)
d’Bom ➜ d’Boma
de Papp ➜ de Pappa
d’Mamm ➜ d’Mamma
9 Ënnerscheeder Lëtzebuergesch / Däitsch:
◆ Am Däitsche sinn d’Brochzuele sächlech, mä net am Lëtzebuergeschen:
den Drëttel (am Däitschen: das Drittel)
de Fënneftel (am Däitschen: das Fünftel)
◆ Am Däitsche sinn d’Buschtawe sächlech, mä net am Lëtzebuergeschen:
L: den A, de B, den C, den D
D: das A, das B, das C, das D
◆ Aner Ënnerscheeder:
Am Lëtzebuergeschen: de Bak (m.) | Am Däitschen: die Backe |
▲ ▼
10 De Genre vun nominaliséierten Adjektiver a Verben
▷ Adjektiv: aarm
deen aarme Jong ➜ deen Aarmen
déi aarm Fra ➜ déi Aarm
dat aarmt Kand ➜ dat Aarmt
déi aarm Leit ➜ déi Aarm
▷ Verb: iessen
iessen:
dat ass e gutt Iessen (n.)
liewen:
hien huet e schéint Liewen (n.)
★ Hei klicke fir méi Informatiounen dozou
e(n) oder eng ?
1. Gesäis du -1- Haus?
2. Ëss du gär -2- Banann?
3. Héiers du -1- Zuch?
4. Kenns du -3- gudde Restaurant?
5. Hues du -2- Dänn bei dir am Gaart stoen?
Aner Exercicer:
★ Exercice Nr.1: Männlech, weiblech, sächlech?
★ Exercice Nr.2: Männlech, weiblech, sächlech?
Quellen a Material dozou:
● Video: der, die oder das im Deutschen
● Infolux: Autosmarken
● F. Schanen: De Sockel-Genus (15.2.2013)
● F. Schanen: Bon oder mauvais Genre (16.9.2010)
● Languagetool: Wörter mit zwei Geschlechtern
Tableau
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel | |
---|---|---|---|---|
Nominativ / Akkusativ | de/den | d’ | d’ | d’ |
Dativ | dem | der | dem | de/den |
Tableau
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
de/den | d’ | d’ | d’ |
dem | der | dem | de/den |
Beispiller
Opgepasst: am geschwatene Lëtzebuergesch gëtt déi dacks duerch di ersat.
Exercicer
Lien vers LearningApps.org