Déi onbestëmmt Artikelen

Am Nominativ an Akkusativ singulier ass déi männlech a sächlech Form vum onbestëmmten Artikel e/en,
an déi weiblech Form ass eng.

Am Nominativ an Akkusativ pluriel ass déi männlech, weiblech a sächlech Form vum onbestëmmten Artikel inexistent.

Am Dativ singulier ass déi männlech a sächlech Form vum onbestëmmten Artikel engem an déi weiblech Form ass enger.

Am Dativ pluriel ass déi männlech, weiblech a sächlech Form vum onbestëmmten Artikel inexistent.

Deklinatioun
 MännlechWeiblechSächlechPluriel
Nominativ / Akkusative/enenge/en/
Dativ engem enger engem/

Nominativ an Akkusativ

MännlechWeiblechSächlechPluriel
e Manneng Auere KandAueren
en Hondeng Fraen HausHënn

Beispiller

Ech gesinn e Mann. (Je vois un homme.)

Ech gesinn en Hond. (Je vois un chien.)

Ech héieren eng Auer. (J’entends une montre.)

Ech gesinn eng Fra. (Je vois une femme.)

Ech kafen en Haus. (J’achète une maison.)

Ech héieren e Kand. (Je vois un enfant.)

Ech gesinn Aueren. (Je vois des montres.)

Ech gesinn Hënn. (Je vois des chiens.)

Opgepasst:

▷ een: als Kardinalzuel (comme nombre cardinal)
Beispiller
Ech gesinn nëmmen een Hond. (Je ne vois qu’un seul chien.)
Ech gesinn nëmmen een Haus. (Je ne vois qu’une seule maison.)

▷ eng + Pluriel
Beispliller
Wéi eng Autoe gesäis de? (Quelles voitures vois-tu ?)
Wat fir eng Sängerinne fënns du gutt? (Quelles chanteuses trouves-tu bien ?)
Wéi eng Bicher lies du gär? (Quels livres aimes-tu lire ?)

Dativ

MännlechWeiblechSächlechPluriel
engem Mannenger Auerengem HausFraen
engem Hondenger Fraengem KandHënn

Beispiller

Ech hellefen engem Mann. (Je porte secours à un homme.)

Ech hellefen engem Hond. (Je porte secours à un chien.)

Ech hunn e Problem mat enger Auer. (J’ai un problème avec une montre.)

Ech hellefen enger Fra. (Je porte secours à une femme.)

Ech hunn e Problem mat engem Haus. (J’ai un problème avec une maison.)

Ech hellefen engem Kand. (Je porte secours à un enfant.)

Ech hellefe Fraen. (J’aide des femmes.)

Ech hellefen Hënn. (J’aide des chiens.)

Opgepasst:

▷ enge/engen + Pluriel
Beispiller
Mat wéi engen Autoen hues du Problemer? (Avec quelles voitures as-tu des problèmes ?)
Mat wat fir enge Sängerinne géings du gär Musek maachen? (Avec quelles chanteuses aimerais-tu faire de la musique ?)
Mat wéi enge Bicher verbréngs du vill Zäit? (Avec quels livres passes-tu beaucoup de temps ?)