D'Negatiounsartikelen

Am Nominativ an Akkusativ singulier ass déi männlech a sächlech Form vum Negatiounsartikel kee / keen an déi weiblech Form ass keng. 

Am Nominativ an Akkusativ pluriel ass déi männlech, weiblech a sächlech Form vum Negatiounsartikel keng.

Am Dativ singulier ass déi männlech a sächlech Form vum Negatiounsartikel kengem an déi weiblech Form ass kenger. 

Am Dativ pluriel ass déi männlech, weiblech a sächlech Form vum Negatiounsrtikel kenge / kengen.

Deklinatioun
 MännlechWeiblechSächlechPluriel
Nominativ / Akkusativkee
keen
kengkee
keen
keng
Dativ kengem kenger kengemkenge
kengen
➤ Nominativ / Akkusativ
MännlechWeiblechSächlechPluriel
kee Vëlokeng Auerkee Buchkeng Bicher
 keen Hond keng Popp keen Haus keng Hënn

Beispiller

Ech hu kee Vëlo. (Je n’ai pas de vélo.)

Ech hu keen Hond. (Je n’ai pas de chien.)

Ech hu keng Auer. (Je n’ai pas de montre.)

Ech hu keng Popp. (Je n’ai pas de poupée.)

Ech hu kee Buch. (Je n’ai pas de livre.)

Ech hu keen Haus. (Je n’ai pas de maison.)

Ech hu keng Poppen. (Je n’ai pas de poupées.)

Ech hu keng Bicher. (Je n’ai pas de livres.)

➤ Dativ
MännlechWeiblechSächlechPluriel
kengem Vëlokenger Auerkengem Buchkenge Bicher
 kengem Hond kenger Popp kengem Haus kengen Hënn

Beispiller

Ech fale vu kengem Vëlo. (Je ne tombe d’aucun vélo.)

Ech spille mat kengem Hond. (Je ne joue avec aucun chien.)

Ech spille mat kenger Auer. (Je ne joue avec aucune montre.)

Ech spille mat kenger Popp. (Je ne joue avec aucune poupée)

Dat Wuert steet a kengem Buch. (Ce mot ne figure dans aucun livre.)

A kengem Haus ass e Keller (Dans aucune maison il y a une cave.)

Dës Wierder stinn a kenge Bicher. (Ces mots ne figurent dans aucun des livres. )

Mir hu mat kengen Hënn Problemer. (Nous avons des problèmes avec aucun des chiens.)

Opgepasst: am geschwatene Lëtzebuergesch gëtt déi dacks duerch di ersat.