Konjunktiounaladverben
➤ Am Deelsaz, dee mat engem Konjunktiounaladverb ageleet gëtt,
steet dat finit Verb virum Sujet.
Opgepasst op d’Inversioun!
Hatt huet säin Examen net gepackt, dofir léiert hatt elo vill an der Vakanz.
Sazbau am Deelsaz: Konjunktiounaladverb + finit Verb + Sujet + …
an awer: Hie war liddereg, an awer huet hien den Test gepackt.
(Oder: Hie war liddereg an hien huet den Test awer gepackt.)
Il était fainéant et pourtant il a réussi le test.
anerersäits: Engersäits ass hatt léif, anerersäits ass et och granzeg.
D’un côté elle est gentille, de l’autre côté elle est aussi grincheuse.
ausserdeem: De Cours war net gutt an ausserdeem war en deier.
Le cours n’était pas bon et en outre il était cher.
antëschent: Ufanks hu mir eis net gutt verstan an antëschent gi mir gutt eens.
Au début on ne s’entendait pas et maintenant on s’entend bien.
dobäi: Hie war ganz fäin, an dobäi hate mir gemengt, hie wier arrogant.
Il était très sympa, alors que nous pensions qu’il était arrogant.
doduerch: Hatt war ni am Cours an doduerch huet et säi Joer net gepackt.
Elle n’était jamais au cours et ainsi elle n’a pas réussi son année.
dofir: Dir hutt mir vill gehollef an dofir soen ech Iech Merci.
Vous m’avez beaucoup aidé et pour cela je vous remercie.
dogéint: D’Resultat war do, an dogéint hate mir och näischt auszesetzen.
Le résultat était là et nous n’avions rien à contester.
domat: Hien huet den Test gepackt an domat hat kee gerechent.
Il a réussi le test et personne n’avait prévu un tel succès.
duerno: Fir d’éischt hu mer Tennis gespillt an duerno si mir iesse gaang.
D’abord nous avons joué au tennis et ensuite nous sommes allés manger.
dunn: Fir d’éischt huet hie Musek gelauschtert an dunn ass hie schwamme gaang.
D’abord il a écouté de la musique et ensuite il est allé nager.
dann: Et ass net ze gleewen. Hie léiert näischt an da packt hien den Examen.
Incroyable. Il n’apprend rien et ensuite il réussit l’examen.
dorop: D’Äntwert ass richteg, mä dorop wier ech net komm.
La réponse est juste, mais jamais je ne l’aurais trouvée.
dofir: Ech kachen net gär, dofir ginn ech dacks an de Restaurant.
Je n’aime pas cuisiner, donc je vais souvent au restaurant.
dozou: Meng Kandidatur gouf ofgeleent an dozou hunn ech näischt méi ze soen.
Ma candidature a été rejetée et je n’ai plus rien à dire à ce sujet.
dowéinst: Si hu vill Suen, dowéinst kafe si sech deier Autoen.
Ils ont beaucoup d’argent, raison pour laquelle ils s’achètent des voitures chères.
deemno: Et war waarm, deemno ware vill Leit an der Schwämm.
Il faisait chaud, donc il y avait beaucoup de gens à la piscine.
engersäits: Engersäits ass hien intelligent, anerersäits mécht hie vill Dommheeten.
D’un côté il est intelligent, de l’autre côté il faisait beaucoup de bêtises.
entweder: Entweder gees du lo mat oder du bleifs eleng doheem. (Och méiglech: Entweeder du gees …)
Soit tu viens avec nous, soit tu resteras seul à la maison.
ëmmerhin: Hie war laang krank, mä ëmmerhin huet en den Exame gepackt.
Il était longtemps malade, mais après tout il a réussi l’examen.
entre-temps: Hie war laang krank, entre-temps ass hien nees gesond.
Il était longtemps malade, entretemps il est à nouveau en bonne santé.
mëttlerweil: Hie war laang krank, mëttlerweil ass hien nees gesond.
Il était longtemps malade, entretemps il est à nouveau en bonne santé.
schliisslech: Fir d’éischt huet hie gelunn, mä schliisslech huet en alles zouginn.
D’abord il a tout nié, mais finalement il a tout avoué.
säitdeem: Si hu sech zerstridden, säitdeem schwätze si net méi mateneen.
Ils se sont disputés et depuis ils ne se parlent plus.
soss: Du léiers elo, soss packs du den Test net.
Tu vas apprendre maintenant, sinon tu ne réussiras pas le test.
trotzdeeem: Hatt huet keng Suen, an trotzdeem huet hatt sech eng Auer kaf.
(oder: an hatt huet sech trotzdeem…)
Elle n’a pas d’argent et pourtant elle s’est acheté une montre.
virdrun: Um 8 Auer gi mer an de Kino, a virdru gi mer Tennis spillen.
À 8 heures nous allons au cinéma et avant nous allons jouer au tennis.
weeder: Weeder huet hie mer ugeruff, nach huet hie mat mir geschwat.
(Oder: Hien huet mer weeder ugeruff, nach huet hie mat mir geschwat.)
Il ne m’a ni téléphoné, ni il m’a parlé.
zanterhier: Si hu sech zerstridden, zanterhier schwätze si net méi mateneen.
Ils se sont disputés et depuis ils ne se parlent plus.
an zwar: Ech hunn haut e Rendez-vous, an zwar ginn ech um fënnef Auer bei den Dokter.
J’ai un rendez-vous aujourd’hui, j’irai plus exactement à 5 heures chez le médecin.
● Quellen:
● Wikipedia: Konjunktionaladverb
Extrait: https://de.wikipedia.org/wiki/Konjunktionaladverb
Der Unterschied zu koordinierenden Konjunktionen wie „und“ liegt darin, dass solche Konjunktionen vor dem Vorfeld stehen,
wogegen Adverbien im Vorfeld oder tiefer im Satz vorkommen.
Draußen schneit es, und [deswegen möchten die Kinder gerne rausgehen.]
(„und“ gefolgt von einem vollständigen Hauptsatz, d. h. Verbzweitsatz [hier in eckigen Klammern])
Draußen schneit es, und [die Kinder möchten deswegen gerne rausgehen].
(ebenso; Adverb im Mittelfeld)
Eine Besonderheit mancher Konnektoradverbien ist jedoch,
dass sie auch vor dem Vorfeld stehen können.
In dieser Verwendung dienen sie dazu,
den Stellenwert der folgenden Äußerung einzuordnen (haben also eine „metakommunikative“ Funktion,
so wie auch sprecherbezogene Adverbiale des Typs „ehrlichgesagt“, die genauso platziert werden können):[5]
Trotzdem, ich möchte das jetzt nicht kaufen.
★ Link:
Tableau
Exemple1 | Exemple2 |
Tableau
Exemple1 | Exemple2 | Exemple3 | Exemple4 |
Beispiller
Opgepasst:
Memo-Trick / Aide mnémotechnique:
A B S ➜ an – bis – soss
Konjunktioun: Ech ginn all Dag schaffen an ech kréien eng gutt Pai. (ouni Inversioun)
Subjunktioun: Hie geet schaffen, bis hien d’Pensioun kritt. (Verb um Schluss)
Konjunktiounaladverb: Du schaffs elo, soss kriss du keng Pai. (Inversioun)
Exercicer
Lien vers LearningApps.org