De Genitiv
De Genitiv am Lëtzebuergeschen ass éischter seelen.
Beispiller mam Genitiv:
- fossiliséierte Genitiv bei Adverben:
Zäitformen op -s:
méindes, dënschdes, mëttwochs,
donneschdes, freides, samschdes, sonndes - moies, mëttes, nomëttes, owes, nuetsallkéiers, blannemännerchers, hautdesdaags
- fest Tournuren:
Enn des Mounts, Enn des Joers,
senges Liewens net méi sécher sinn,
Der Däiwel soll se huelen - Beim Familljennumm, deen no vir gestallt gëtt:
Edmond Lulling > Lullings Edmond
Léonie Müller > Müllesch Léonie - Bei enger Famill:
Mir gi muer bei Webesch iessen. (bei d’Famill Weber) - Mat Pronomen:
Ech si senger sat.
Hien ass menger midd.Hien ass eiser sat. (Genitiv pl.: Il en a marre de nous.)
Mir waren zu eiser siwen. (Genitiv pl.: Nous étions un groupe de sept.) - Mat der Prepositioun ‘wéinst’:
wéinst menger (oder: wéinst mir)
wéinst senger (oder: wéinst him) - De Partitivgenitiv:
Partitivpronomen: Ech hunn där / der / däers / es nach.
Parititivartikel: Ech hu fënnef där Wippercher giess.
(oder: Ech hu fënnef vun dëse Wippercher giess.) - dëser (Genitiv pluriel):
Wéi vill dëser Pëllen hues du geholl? (w. pl)
Hues du och dëser Äppel giess? (m. pl)
Baut Dir och dëser Haiser? (n. pl)
Tableau
Exemple1 | Exemple2 |
Tableau
Exemple1 | Exemple2 | Exemple3 | Exemple4 |
Beispiller
Opgepasst: