De Partitivartikel

Mir ënnerscheeden tëschent Partitivartikel a Partitivpronomen.

Beispiller:

Pluriel:

➤ där = Partitivartikel => Hues du nach Pizzae mat Ham? Jo, ech hunn nach där Pizzaen.

➤ där = Partitivpronomen => Hues du nach Pizzae mat Geméis? Jo, ech hunn där nach.

➤ der = Partitivpronomen => Hues du nach Pizzaen? Jo, ech hunn der nach.

    (Onméiglech: Ech hunn *der Pizzaen nach.)

 

Singulier:

➤ däers = Partitiv- oder Demonstrativartikel:

=> Ech brauch kee Gestreits. Ech sinn däers Gestreits sat.

➤ däers / es = Partitiv- oder Demonstrativpronomen:

=> Ech brauch kee Getreits. Ech sinn däers sat. Ech sinn es sat. (J’en ai marre. / I have enough of this.)

 

Net verwiessele mat: / À ne pas confondre avec:

➤ der = article défini – datif, féminin => Ech ginn der Fra mäin Handy.

➤ där = article défini accentué – datif, féminin => Ech ginn där Fra mäin Handy.

➤ der = Pronom, nominatif (vous) => Hutt der Zäit?

➤ der = Pronom, datif (à toi) => Ech ginn der mäi Buch. (Je donne mon livre à toi.)