D'Negatiounsartikelen
Am Nominativ an Akkusativ singulier ass déi männlech a sächlech Form vum Negatiounsartikel kee / keen an déi weiblech Form ass keng.
Am Nominativ an Akkusativ pluriel ass déi männlech, weiblech a sächlech Form vum Negatiounsartikel keng.
Am Dativ singulier ass déi männlech a sächlech Form vum Negatiounsartikel kengem an déi weiblech Form ass kenger.
Am Dativ pluriel ass déi männlech, weiblech a sächlech Form vum Negatiounsrtikel kenge / kengen.
Deklinatioun
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel | |
---|---|---|---|---|
Nominativ / Akkusativ | kee keen | keng | kee keen | keng |
Dativ | kengem | kenger | kengem | kenge kengen |
➤ Nominativ / Akkusativ
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
kee Vëlo | keng Auer | kee Buch | keng Bicher |
keen Hond | keng Popp | keen Haus | keng Hënn |
Beispiller
Ech hu kee Vëlo. (Je n’ai pas de vélo.)
Ech hu keen Hond. (Je n’ai pas de chien.)
Ech hu keng Auer. (Je n’ai pas de montre.)
Ech hu keng Popp. (Je n’ai pas de poupée.)
Ech hu kee Buch. (Je n’ai pas de livre.)
Ech hu keen Haus. (Je n’ai pas de maison.)
Ech hu keng Poppen. (Je n’ai pas de poupées.)
Ech hu keng Bicher. (Je n’ai pas de livres.)
➤ Dativ
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
kengem Vëlo | kenger Auer | kengem Buch | kenge Bicher |
kengem Hond | kenger Popp | kengem Haus | kengen Hënn |
Beispiller
Ech fale vu kengem Vëlo. (Je ne tombe d’aucun vélo.)
Ech spille mat kengem Hond. (Je ne joue avec aucun chien.)
Ech spille mat kenger Auer. (Je ne joue avec aucune montre.)
Ech spille mat kenger Popp. (Je ne joue avec aucune poupée)
Dat Wuert steet a kengem Buch. (Ce mot ne figure dans aucun livre.)
A kengem Haus ass e Keller (Dans aucune maison il y a une cave.)
Dës Wierder stinn a kenge Bicher. (Ces mots ne figurent dans aucun des livres. )
Mir hu mat kengen Hënn Problemer. (Nous avons des problèmes avec aucun des chiens.)
Opgepasst: am geschwatene Lëtzebuergesch gëtt déi dacks duerch di ersat.