D'Indefinitartikelen
iergenden = un (quelconque)
Am Nominativ an Akkusativ singulier ass déi männlech a sächlech Form vum Indefinitartikel ieregenden/iergendeen an déi weiblech Form ass iergendeng.
Am Nominativ an Akkusativ pluriel ass déi männlech, weiblech a sächlech Form vum bestëmmten Artikel iergendwellech.
Am Dativ singulier ass déi männlech a sächlech Form vum Indefinitartikel ieregendengem an déi weiblech Form ass iergendenger.
Am Dativ pluriel ass déi männlech, weiblech a sächlech Form vum bestëmmten Artikel iergendwellechen.
Deklinatioun
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel | |
---|---|---|---|---|
Nominativ / Akkusativ | iergenden iergendeen | iergendeng | iergenden iergendeen | iergendwellech |
Dativ | iergendengem | iergendenger | iergendengem | iergendwelleche iergendwellechen |
➤ Nominativ an Akkusativ
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
iergende Vëlo iergendee Vëlo | iergendeng Auer | iergende Buch iergendee Buch | iergendwellech Vëloen |
iergenden Hond iergendeen Hond | iergendeng Villa | iergenden Haus iergendeen Haus | iergendwellech Bicher |
Beispiller
Kaf dir iergende Vëlo! (Achète-toi n’importe quel vélo !)
Kaf dir iergenden Hond! (Achète-toi n’importe quel chien !)
Kaf dir iergendeng Auer! (Achète-toi n’importe quelle montre !)
Kaf dir iergendeng Villa! (Achète-toi n’importe quelle villa !)
Kaf dir iergende Buch! (Achète-toi n’importe quel livre !)
Kaf dir iergenden Haus! (Achète-toi n’importe quelle maison !)
Kaf dir iergendwellech Vëloen! (Achète-toi n’importe quels vélos !)
Kaf dir iergendwellech Bicher! (Achète-toi n’importe quels livres !)
➤ Dativ
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
iergendengem Vëlo | iergendenger Auer | iergendengem Kand | iergendwelleche Vëloen |
iergendengem Hond | iergendenger Popp | iergendengem Meedchen | iergendwellechen Aueren |
Beispiller
Spill mat iergendengem Vëlo! (Joue avec n’importe quel vélo !)
Spill mat iergendengem Hond! (Joue avec n’importe quel chien !)
Spill mat iergendenger Auer! (Joue avec n’importe quelle montre !)
Spill mat iergendenger Popp! (Joue avec n’importe quelle poupée!)
Schwätz mat iergendengem Kand! (Parle avec n’importe quel enfant !)
Schwätz mat iergendengem Meedchen! (Parle avec n’importe quelle fille!)
Spill mat iergendwelleche Vëloen! (Joue avec n’importe quels vélos !)
Spill mat iergendwellechen Aueren! (Joue n’importe quels montres !)
Note: