Déi bestëmmt a betount Artikelen
Dee bestëmmten a betounten Artikel gëtt meeschtens benotzt, wann en Adjektiv virum Substantiv steet,
oder wann den Artikel eng demonstrativ Form huet.
Am Nominativ an Akkusativ singulier ass déi männlech Form vum bestëmmten Artikel dee/deen,
déi weiblech Form ass déi an déi sächlech Form ass dat.
Am Nominativ an Akkusativ pluriel ass déi männlech, weiblech a sächlech Form vum bestëmmten Artikel déi.
Am Dativ singulier ass déi männlech a sächlech Form vum bestëmmten Artikel deem an déi weiblech Form ass där.
Am Dativ pluriel ass déi männlech, weiblech a sächlech Form vum bestëmmten Artikel deene / deenen.
Opgepasst: am geschwatene Lëtzebuergesch gëtt déi dacks duerch di ersat.
Beispiller
Déi al Fra = Di al Fra (La vieille femme)
Déi léif Kanner = Di léif Kanner (Les adorables enfants)
Opgepasst: déi bestëmmt a betount Artikele sinn d’selwecht wéi d’Relativpronomen an d’Demonstrativpronomen.
Deklinatioun
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel | |
---|---|---|---|---|
Nominativ / Akkusativ | dee/deen | déi | dat | déi |
Dativ | deem | där | deem | deene/deenen |
➤ Nominativ an Akkusativ
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
dee jonke Mann | déi deier Auer | dat deiert Haus | déi deier Aueren |
deen deieren Hond | déi jonk Fra | dat jonkt Kand | déi deier Hënn |
Beispiller
Ech gesinn dee jonke Mann. (Je vois le jeune homme.)
Ech gesinn deen deieren Hond. (Je vois le chien coûteux.)
Déi deier Auer ass schéin. (La montre coûteuse est belle.)
Déi jonk Fra ass schéin. (La jeune femme est belle.)
Dat deiert Haus ass kleng. (La maison coûteuse est petite.)
Dat jonkt Kand ass kleng. (Le jeune enfant est petit.)
Ech gesinn déi deier Aueren. (Je vois les montres coûteuses.)
Ech gesinn déi deier Hënn. (Je vois les chiens coûteux.)
➤ Dativ
Männlech | Weiblech | Sächlech | Pluriel |
---|---|---|---|
deem jonke Mann | där deierer Auer | deem jonke Kand | deene jonke Fraen |
deem deieren Hond | där jonker Fra | deem deieren Haus | deenen deieren Hënn |
Beispiller
Ech hellefen deem jonke Mann. (J’aide le jeune homme.)
Ech hellefen deem deieren Hond. (J’aide le chien coûteux.)
Ech hunn e Problem mat där deierer Auer. (J’ai un problème avec la montre coûteuse.)
Ech hellefen där jonker Fra. (J’aide la jeune femme.)
Ech hellefen deem jonke Kand. (J’aide le jeune enfant.)
Ech hunn e Problem mat deem deieren Haus. (J’ai un problème avec la maison coûteuse.)
Ech hellefen deene jonke Fraen. (J’aide les jeunes femmes.)
Ech hellefen deenen deieren Hënn. (J’aide les chiens coûteux.)