Orthografie vun zesummegesatene Verben

Quell: D’Lëtzebuerger Orthografie (www.zls.lu: Lëtzebuerger Orthografie, Säit 76-78)

9.4 D’Verben

9.4.1 Zesummegeschriwwen

Am Prinzip gi Verben a Verbindung mat Partikelen zesummegeschriwwen.
Dat gëllt am Infinitiv (mat oder ouni ze), beim Partizip oder wann d’Verb
um Enn vum Niewesaz steet. 

opmaachen: Et ass schwéier, dës Këscht opzemaachen.
virstellen: Ech hat mer dat anescht virgestallt.
heemgoen: Et gëtt Zäit, datt mer heemginn.

Soss gëtt getrennt:
opmaachen: Ech maachen op. Maach op!
virstellen: Ech stelle vir. Hie stellt eis vir.
heemgoen: Ech ginn heem, géi och heem!

Partikele sinn:
– Prepositiounen: an-, op-, mat-, virunV Adverben: erëm-, ewech-, zeréck-, zesummen

– Bestanddeeler a Verbindung mat engem Verb, déi net méi enger bestëmmter Kategorie
kënnen zougeuerdent ginn:

heem-, präis-, wäis-, wett

Läit am Infinitiv oder am Partizip d’Haaptbetounung op der Partikel
(egal ob éischt oder zweet Silb), gëtt zesummegeschriwwen:

aneneeknuppen, auslafen, beieneebleiwen, derbäihunn,
derhannertstiechen, dernieftleien, dobleiwen, erausgoen, erëmgesinn,
ewechginn, géintiwwerleien, heemgoen, matdeelen, mathuelen,
matrappen, opfalen, opgoen, opmaachen, präisginn, virkommen,
virstellen, wäismaachen, wettmaachen, zeréckfannen, zesummenhalen,
zesummeschreiwen, zesummestrécken

si sinn nach eemol dervukomm; du bass erausgaangen;
ech hunn et erageholl

Bei enger iwwerdroener Bedeitung oder wann den éischten Deel
vum Verb e verblatztent Substantiv ass, gëtt och zesummegeschriwwen:
deelhuelen, fräispriechen, groussschreiwen,
klengschreiwen, leeddoen,schifgoen

Läit am Infinitiv oder am Partizip d’Betounung um Verb, dann ass d’Bedeitung
meeschtens eng aner an et gëtt auserneegeschriwwen:

Mir hu si erëmgesinn. No senger Operatioun konnt hien erëm gesinn.
Wëlls de dobäibleiwen? Wëlls de dobäi bleiwen?
Och wann s de d’Reegel net verstees, muss de dech drun halen. Hal op,
muss de dech dann esou drunhalen?!
Et huet alles geännert, mir hunn eis ëmgestallt. Ech hunn d’Miwwelen
an der Stuff ëmgestallt. D’Polizisten hunn sech ëm hie gestallt.

9.4.2 Auserneegeschriwwen

Auserneegeschriwwe gëtt:

– all Verbindung mam Verb sinn:

aus sinn, derbäi sinn, eriwwer sinn, do sinn, op sinn, u sinn

– d’Verbindung Verb + Verb (Partizip oder Infinitiv):

akafe goen, gefaangen huelen, getrennt schreiwen, schreiwe léieren,
spadséiere goen, stoe bleiwen, verluer goen, waarde loossen

cf. och: kenne léieren

– wann den éischten Deel en Adjektiv ass, dat mam Verb keng iwwerdroe
Bedeitung ergëtt:

futti maachen, kleng schneiden, propper maachen, waarm maachen

– wann den éischten Deel e Substantiv ass, deem seng Bedeitung net
verblatzt ass (gëllt och bei der Kombinatioun Prepositioun + Substantiv):

Angscht hunn, Piano spillen, Schi fueren, sech an Uecht huelen, ech
hunn Uecht gedoen, hie ka gutt Vëlo fueren a schlecht Auto fueren
a Fro stellen, a Stand halen, mee: amstand sinn

Bei Zesummesetzunge mat der Prepositioun zu, déi zu ‘ze’ kann ofgeschwächt ginn,
gëtt den Deel virum Verb uneneegeschriwwen:

zugronn (zegronn) goen, zumutt (zemutt) sinn, zurieds (zerieds) stellen,
zuschan (zeschan) maachen, zuscholde (zescholde) komme loossen,
zustan (zestan) kommen/bréngen, zuwee (zewee) bréngen,
zuleeds (zeleeds) doen

Bemierkungen:

– Et gëllt optional Zesummeschreiwung bei am Gaang(en) sinn oder
amgaang(en) sinn.

– Wann d’Kombinatioun Adjektiv + Verb oder Verb + Verb eng nei
Bedeitung kritt (eng iwwerdroe Bedeitung), déi net der Bedeitung vun
den eenzelen Deeler entsprécht, gëtt zesummegeschriwwen, am Infinitiv,
am Partizip an am ze-Infinitiv:

een hellegspriechen, ee krankschreiwen, eppes richtegstellen,
routgesinn, eppes sathunn, schwéierfalen (mee: hien ass gëschter
schwéier gefall), sech futtilaachen, sech schwéierdoen, sëtzebleiwen
den Dokter huet si krankgeschriwwen; mir hu routgesinn

Si hu sech goegelooss. No där Affär gouf hie falegelooss.
Si sinn allen zwee sëtzebliwwen, d. h., si hunn alle béid d’Schouljoer missen dubléieren.

Mee: Hien ass sëtze bliwwen, op senger Plaz, op sengem Stull. 

Tableau
Exemple1Exemple2
Tableau
Exemple1Exemple2Exemple3Exemple4

Beispiller

 

Opgepasst