Prepositiounen + Dativ

A) Beispiller:

➤ Prepositiounen, déi ‘ëmmer’ en Dativ hunn:

aus: Hatt klëmmt aus dem Bus.

ausser: Si waren all do. Ausser dir!

bannent: Mir hu bannent engem Joer alles verkaf.

mat: Ech gi gär mat dir akafen.

no: Hatt koum no him un den Tour.

säit: Hien ass scho säit engem Joer doud.
Mä: Säit e Sonndeg; Säit e Mëtteg

trotz: Hien huet trotz senger schlëmmer Blessur net opginn.

virun (temporell): Hie gouf virun enger Woch operéiert.

vun: Hatt huet sech vun deem Schock ni méi erholl.
—> Mä: Vun en Dënschdeg un / Vu leschter Woch un; Vun eng Auer bis zwou Auer

wéinst: Ech hu wéinst him meng Aarbecht verluer.

wärend: Ech hu wärend mengem Studium / menger Paus nach geschafft.

zënter / zanter: Hatt wunnt zënter engem Mount zu Esch.
mä: Hatt gëtt zënter e Méindeg vermësst.; zënter e bësse méi wéi engem Joer; zënter eng Auer …

zu: Mir sinn zu kenger Conclusioun komm.

Opgepast / Attention

▶ mat: À ne pas confondre la préposition ‘mat’ avec la particule verbale ‘mat-‘:

Fiers du mat engem Auto akafen? (mat + Datif) (Fais-tu tes courses avec une voiture?)
Fiers du mat een Auto akafen? (matfueren) (Viens-tu ‘avec nous’ acheter une voiture?)

▶ ronderëm:

Ech wéckelen d’Seel ronderëm de Bam. (Direktioun + Akkusativ)
Ronderëm der Gare si vill Aarbechten.(Positioun + Dativ)
Mir hunn d’Erlabnis, fir ronderëm dem Stadium ze bauen. (Positioun + Dativ)

Oder: Ronderëm d’Gare gëtt vill gebaut.

▶ vun:

Ech kréien e Cadeau vun him / vun hir (= Dativ)
Vun en Dënschdeg un (= Akkusativ: à partir de mardi)
Vun engem Dënschdeg un (= Dativ: à partir d’un mardi)
Vun nächstem Joer un (= Dativ)
Vun nächster Woch un (= Dativ)

▶ amplaz / aplaz:

Hien huet eng Orange amplaz en Apel kaf. (Akkusativ)
Hien huet eng Orange amplaz vun engem Apel kaf. (Dativ)

Hien hëlleft senger Frëndin amplaz senger Fra. (Dativ)
Amplaz senger Fra ze hëllefen, hëlleft hien senger Frëndin. (Dativ)

Amplaz seng Hausaufgaben ze maachen, geet hie schwammen.
Amplaz sengem Proff ze follegen a seng Hausaufgaben ze maachen, geet hie schwammen.

▶ Fir d’Connecteuren “säit” an “zënter” gëllen aner Reegelen.

Säit hien eis dat sot, gi mir net méi dohinner.
Zënter hatt hie bestuet huet, gesi mir et net méi.

★ Link: Deelsätz / Niewesätz mat Connecteuren

▶ Opgepasst op d’Subjunktiounen



▷ fir ze

DE um zu [in der Absicht zu, zum Zweck zu]
FR pour [en vue de, destiné à]
EN to [in order to]
PT para [a fim de, destinado a] Quell: Lod.lu

Beispiller:

Ech kafen e Medikament, fir dem Hond ze hëllefen. (Dativ)
Ech kafen e Brëll, fir den Hond ze gesinn. (Akkusativ)

cf. am Däitschen: “um … zu”

▷ ouni

Ech ginn heem, ouni him ze hëllefen. (Dativ)
Ech ginn heem, ouni hien ze bekucken. (Akkusativ)
Tableau
Exemple1Exemple2
Tableau
Exemple1Exemple2Exemple3Exemple4

Beispiller

 

Opgepasst: am geschwatene Lëtzebuergesch gëtt déi dacks duerch di ersat.