Prepositiounen + Akkusativ

A) Grammaire:

➤ Prepositiounen, déi ‘ëmmer’ en Akkusativ hunn:

bis: De Buttek ass zou bis dat nächst Joer.

duerch: Hie kuckt duerch säi klenge Brëll.

ëm: Hatt ass him ëm den Hals gefall.

fir: Ech hunn e Buch fir dech.

géint: Hatt huet am Schach géint hie gewonnen.

ouni: Ech ginn ouni dech an de Kino.


▶ Opgepasst op den duebele Possessiv:

Ech hu géint eisem Trainer säi Meedchen am Schach verluer.
Ech waarden hei bis menger Mamm hiren Auto gefléckt ass.
De Papp huet e Stréch duerch dem Jong seng Pläng gemaach.
Hues du fir denger Mamm hire Gebuertsdag e Kaddo kaf?



▶ Opgepasst op d’Wiesselprepositiounen:

op:
Ech stellen d’Tëlee op de Schaf. (Direktioun + Akkusativ)
D’Tëlee steet um Schaf. (Positioun + Dativ)

ronderëm:
Ech wéckelen d’Seel ronderëm de Bam. (Direktioun + Akkusativ)
Ronderëm der Gare si vill Aarbechten.(Positioun + Dativ)
Mir hunn d’Erlabnis, fir ronderëm dem Stadium ze bauen. (Positioun + Dativ)

Oder: Ronderëm d’Gare gëtt vill gebaut.

★ Link: D’Wiesselprepositiounen



▶ Opgepasst op “géint” + Dativ:

– heiansdo a Riedensaarte mat engem alen Nominativ:

Géint der Moien ass hien heemkomm.
Géint der Mëtteg schéngt d’Sonn.
Géint der Nomëtteg reent et.
Géint der Owend gëtt et kill.


Géint der Enn vun de 70er ass hien an Amerika ausgewandert.
Géint der Doud ass kee Kraut gewuess.

Mä: Géint eng Auer huet et gereent.




▶ Verschidde Verbe mat enger Prepositioun hunn ëmmer en Akkusativ:

Du gees mir op de Wecker.
Dat kënnt op dech un.
Ech lauschteren net op dech.
Ech passen op dech op.
Ech verloosse mech net op dech.
Ech verzichten op dech.
Ech waarden op dech.
Ech zielen op dech.

Ech denken ëmmer nëmmen un dech.

Mä (+ Dativ):

Dat baséiert op enger Tatsaach.
Dat läit op der Hand.
Reit dach net ëmmer op enger Saach ronderëm.

(+ Akkusativ / + Dativ)

Hie besteet op säi Recht. / Hie besteet op sengem Recht.
Hatt steet op mengem Fouss. (Positioun) / Hatt steet op mäi Brudder. (avoir le béguin pour)


▶ Verschidden Adjektiver mat “op” hunn ëmmer en Akkusativ:

Ech si béis op dech.
Ech si gespaant op deng Geschicht.
Ech sinn houfreg op dech.
Ech si jealous op dech.
Bass du neidesch op mech?
Ech si rosen op dech.
Ass hatt sauer op dech?
Ech si stolz op dech.
Sidd Dir virwëtzeg op eis Geschicht?

Opgepasst op den duebele Possessiv:

Hatt ass rosen op senger Nopesch hir Duechter.


▶ amplaz / aplaz:

Hien huet eng Orange amplaz en Apel kaf. (Akkusativ)
Hien huet eng Orange amplaz vun engem Apel kaf. (Dativ)

Hien hëlleft senger Frëndin amplaz senger Fra. (Dativ)
Amplaz senger Fra ze hëllefen, hëlleft hien senger Frëndin. (Dativ)

Amplaz seng Hausaufgaben ze maachen, geet hie schwammen.
Amplaz sengem Proff ze follegen a seng Hausaufgaben ze maachen, geet hie schwammen.


▶ Opgepasst op d’Subjunktiounen

▷ fir ze

DE um zu [in der Absicht zu, zum Zweck zu]
FR pour [en vue de, destiné à]
EN to [in order to]
PT para [a fim de, destinado a] Quell: Lod.lu

Beispiller:

Ech kafen e Medikament, fir dem Hond ze hëllefen. (Dativ)
Ech kafen e Brëll, fir den Hond ze gesinn. (Akkusativ)

cf. am Däitschen: “um … zu”

▷ ouni

Ech ginn heem, ouni him ze hëllefen. (Dativ)
Ech ginn heem, ouni hien ze bekucken. (Akkusativ)

 

Tableau
Exemple1Exemple2
Tableau
Exemple1Exemple2Exemple3Exemple4

Beispiller

 

Opgepasst: am geschwatene Lëtzebuergesch gëtt déi dacks duerch di ersat.