Partizip perfekt / Participe passé
1) Reegelméisseg Verben (Verbes réguliers)
ge + [Verbstamm] + t | ge + [Verbstamm] + t |
bauen : Si hunn en Haus gebaut. (Ils ont construit une maison.)
sichen : Du hues däi Kand gesicht. (Tu as cherché ton enfant.)
2) Onreegelméisseg Verben (Verbes irréguliers)
Verschidde Forme si méiglech. Opgepasst op d’Vokalverännerungen ! | Plusieurs formes de participe passé sont possibles. Attention aux nombreux changements vocaliques ! |
ouni -t ( sans -t ):
liesen : Du hues d’Zeitung net gelies. (Tu n’as pas lu le journal.)
briechen : Si huet de Stull gebrach. > (Elle a brisé la chaise.)
ouni ge- (sans ge-)
fannen : Hien huet keng Léift fonnt. (Il n’a pas trouvé d’amour.)
ouni ge- , ouni -t:
verstoen : D’Politiker hu mech ni verstan. (Les politiciens ne m’ont jamais compris.)
D’Verben, déi op -éieren ophalen, kréie kee ge- am Partizip perfekt. | Les verbes qui se terminent en -éieren n’ont jamais de ge- au participe passé. |
ouni ge- :
invitéieren: Hatt huet mech net invitéiert. (Elle ne m’a pas invité.)
studéieren : Hien huet Droit studéiert. (Il a fait des études en droit.)
annuléieren: Hatt huet seng Rees annuléiert. (Elle a annulé son voayge.)
Opgepasst!
mat ge- :
léieren: Hatt huet näischt geléiert. (Elle n’a rien appris. -éieren fait partie du radical de léieren)
Zesummegesate Verbe mat engem Prefix kréie kee ge- am Partizip perfekt. | Les verbes composés à préfixe verbal n’ont pas la marque ge- au participe passé, cf.:. |
besichen: Hien huet eis besicht. (Il nous a visités.)
erzielen: Hatt huet eis e Witz erzielt. (Elle nous a raconté une blague.)
Opgepasst!
mat ge- :
léieren: Hatt huet näischt geléiert. (Elle n’a rien appris. -éieren fait partie du radical de léieren)
Bei trennbare Verbe gëtt d’Verbpartikel un de Partizip perfekt vum Basisverb gehaangen, cf.: | La particule verbale des verbes composés séparables est attachée au participe passé du verbe de base, cf.: |
fänken: Ech hunn eng Méck gefaang. (J’ai attrapé une mouche.)
ufänken: Hien huet de Cours ugefaang(en). (Il a commencé le cours.)
halen: Hatt huet säi Buch gehal. (Elle a gardé son livre.)
ophalen: Hien huet no enger Stonn opgehal. (Il s’est arrêté au bout d’une heure.)
D’Verb maachen huet e puer Forme fir | Le verbe maachen (faire) peut avoir plusieurs formes de participe passé, cf.: |
Ech hunn dat gemaacht / gemaach / gema / gemat / gemeet.
Opgepasst op d’Variatioune bei Verben, | Attention aux variantes de certains verbes qui ont un participe passé en –uecht, cf.:
|
Attention aux variantes de certains verbes qui ont un participe passé en –uecht, cf.:
bréngen : bruecht / bruet
denken : geduecht / geduet
leeën : geluecht / geluet
De Passiv besteet aus: ginn oder kréien + Partizip perfekt | Le participe passé est également utilisé pour former le passif avec l’auxiliaire ginn ou le verbe kréien. |
Den Auto gëtt vum Mécanicien gefléckt. (La voiture est réparée par le mécanicien.)
Ech kréien d’Hoer geschwë geschnidden. (Mes cheveux seront bientôt coupés.)
De Partizip perfekt kann och als attributiivt Adjektiv agesat ginn: | Le participe passé peut aussi fonctionner comme adjectif épithète : |
D’Associatioun vun de geschloene Fraen (L’association des femmes battues).
Opgepasst: heinansdo kënnt nach eng zousätzlech Endung -en dobäi.
Dat ass net ëmmer ganz kloer, virun allem net am geschwatene Lëtzebuergesch, cf.:
Ech hu vill geschwat.
➜ Am geschwate Lëtzebuergesch oder: Am geschwatene Lëtzebuergesch
Mir hunn hien net zougelooss.
➜ Mä: Den zougeloossenen Dokter. (cf. däitschen Afloss: der zugelassene Arzt)
cf. och:
Hätt ësst gär eng gutt Glace. Hatt ësst gären eng gutt Glace.
Déi éischt Fra um Mound; déi éischte Fra um Mound
Déi éischt Kéier; déi éischte Kéier
D’Mme Schmitt, gebuer Dos Santos; D’Mme Schmitt, gebueren Dos Santos
Schanen parle dans sa grammaire ‘Parlons luxembourgeois’ de participe II hésitants (2004:140)
Il n’est donc pas facile de dire dans tous les cas quelle forme prévaut dans le
luxembourgeois commun. Cela explique les hésitations que
l’on rencontre dans l’accord du GN, pour le marquage des
(G)PART II épithètes à gauche de N
(a geschwate Sproochen ou a geschwatene Sproochen?)
Schanen (2004:141)
– part II hésitants: gebak(en) cuit, befuel(en) ordonner,
gedronk(en) bu, gefall(en) tombé, gefaang(en) attrapé,
gefloss(en) coulé, gefuer(en) roulé (véhicule),
gefruer(en) gelé, gefriess(en) dévoré, gebuer(en) né,
genoss(en) joui de, gewonn(en) gagné, gegraff(en) saisi, gehaang(en) suspendu,
gestuel(en) volé, gestuerf/gestuerwen décédé, verdross(en)
abattu/morose, verluer(en) perdu.
RTL.lu: An engem Prozess goung et ëm gefälschten Dokumenter.
Opgepasst: