Subjunktiounen

 Deelsätz mat Subjunktiounen:
 

➤ An engem Haaptsaz steet dat konjugéiert Verb op der zweeter Positioun.
Am Deelsaz, dee mat enger Subjunktioun ageleet gëtt, steet dat konjugéiert Verb um Enn.

Haaptsaz: Hatt huet keng Zäit fir mech.

Deelsaz: Ech sinn traureg, datt hatt keng Zäit fir mech huet.

Sazbau: Subjunktioun + Sujet + … + finit Verb

andeem(s): Et mécht een Deech, andeems een Eeër mat Miel mëscht.

On fait de la pâte en mélangeant des oeufs avec de la farine.

amplaz datt(s): Amplaz datt hie léiert, geet hien akafen.

Au lieu d’apprendre, il fait des courses.

amplaz … ze (+Infinitiv): Hie geet an de Kino, amplaz ze léieren.

Il va au cinéma, au lieu d’étudier.

amplaz … ze (+Infinitiv): Hien hëlleft him, amplaz näischt ze maachen.

ll l’aide au lieu de ne rien faire.

bis: Hien huet sou laang geschafft, bis hien doudmidd ageschlof ass.

Il a travaillé aussi longtemps jusqu’à s’endormir mort de fatigue.

dass / datt: Hie weess, datt ech hien net ausstoe kann.

Il sait que je ne peux pas le supporter.

falls: So him dat net, falls hie muer kënnt.

Ne lui dis pas ça, au cas où il viendrait demain.

fir … datt: Ech kafe mengem Jong en Auto, fir datt hie méi séier doheem ass.

J’achète une voiture à mon fils, pour qu’il soit plus vite à la maison.

fir … ze (+ Infinitiv): Ech kafen e Buch, fir mengem Bop ze hëllefen. (+ Dativ)

J’achète un livre pour aider mon grand-père.

fir … ze (+ Infinitiv): Ech kafen eng Webcam, fir mäi Bop ze gesinn. (+Akkusativ)

J’achète une webcam pour voir mon grand-père.

ier: Hatt huet vill geléiert, ier hatt an den Exame gaang ass.

Elle a beaucoup appris, avant d’aller à l’examen.

nodeem(s): Si huet sech getrennt, nodeems si an hiert neit Haus geplënnert waren.

Ils se sont séparés après avoir déménagé dans la nouvelle maison.

ob: Ech weess net, ob s du dat schonns deemools wousst.

Je ne sais pas, si tu le savais déjà à l’époque.

obschonn(s) / obwuel: Hie léiert näischt, obschonns mir hie gewarnt hunn.

Il n’apprend rien, bien que nous l’ayons averti. (malgré nos avertissements)

ouni: Ech ginn heem, ouni him ze hëllefen.

Je rentre sans l’aider.

ouni: Ech ginn heem, ouni hien ze bekucken.

Je rentre sans le regarder.

(e)soubal: Ech léiere Lëtzebuergesch, esoubal ech eng Wunneng hunn.

J’apprendrai le luxembourgeois dès que je trouverai un logement.

(e)soudatt: Mäin Auto ass futti, soudatt ech den Zuch hu missen huelen.

Ma voiture est cassée, donc j’ai du prendre le train.

(e)soulaang: Hie muss doheem bleiwen, soulaang hien de Corona huet.

Il doit rester chez lui aussi longtemps qu’il a le Corona.

(e)souwäit: Hie kënnt muer net, esouwäit ech dat richteg verstanen hunn.

Il ne viendra pas demain, à ce que je sais.

(e)souvill: Hie kënnt muer net, esouvill ech weess.

Il ne viendra pas demain, à ce que je sais.
cf.:

(e)sou vill: Hie kënnt muer net, esou vill esou vill weess ech.

Il ne viendra pas demain, ça c’est tout ce que je sais.

säit: Hie kennt déi Geschicht, säit hie kleng ass.

Il connaît cette histoire, depuis qu’il est petit.
( Opgepasst: “säit” funktionéiert och als Prepositioun! )

zënter: Zënter hire Mann dout ass, geet si net méi schwammen.

Depuis que son mari est décédé, elle ne va plus nager.
( Opgepasst: “zënter” funktionéiert och als Prepositioun! )

säitdeem: Si huet e schéint Haus, säitdeem se am Lotto gewonnen huet.

Elle a une belle maison, depuis qu’elle a gagné au lotto.

wärend: Ech lauschtere vill Musek, wärend ech doheem léieren.

J’écoute beaucoup de musique, lorsque j’apprends chez moi.

well: Hie kënnt muer net schaffen, well hie krank ass.
(Oder: Hie kënnt muer net schaffen, well hien ass krank.)

Il ne viendra pas travailler demain, parce qu’il est malade.

wéi: Ech sinn ëmmer bei meng Bom iesse gaang, wéi ech kleng war.

Je suis toujours allé manger chez ma grand-mère, quand j’étais petit.

wann: Hie packt den Examen net, wann hien net endlech eppes léiert.

Il ne réussira pas l’examen, s’il ne commence pas enfin à apprendre quelque chose.

wougéint: Säi Papp ass ganz léif, wougéint seng Mamm ganz eekeleg ass.

Son père est très gentil, alors que sa mère est horrible.

➤ Fir d’Prepositiounen “säit” an “zënter” gëllen aner Reegelen.

Ech kennen hien eréischt säit enger Stonn.
Ech waarde schonns zënter enger Woch op säi Mail.
Hatt gëtt zënter e Méindeg vermësst.

★ Link: Prepositioune mat Dativ (Punkt 2)

 cf. am Däitschen: / à comparer en allemand:

als, bevor, bis, da, damit, dass, ehe, falls
indem, nachdem, ob
obgleich/obschon/obwohl
seit, seitdem, sobald, sodass
sofern, solange, sooft, soweit
soviel, während, weil, wenn, wie, wohingegen

● Quellen:

● Studysmarter.de: Subjunktionen
(Kausal-, Lokal-, Temporal-, Modal-, Komparativ-, Konditional-, Final-, Konzessiv-, Konsekutiv-, Adversativsätze)

● Deutschgrammatik20.de: Präposition VS Subjunktion anstatt

★ Link:

★ Verbentabellen op Lëtzebuergesch (Ernster.Lu)

Tableau
Exemple1Exemple2
Tableau
Exemple1Exemple2Exemple3Exemple4

Beispiller

 

Opgepasst:

Memo-Trick / Aide mnémotechnique:

A B S ➜ an – bis – soss

Konjunktioun: Ech ginn all Dag schaffen an ech kréien eng gutt Pai. (ouni Inversioun)

Subjunktioun: Hie geet schaffen, bis hien d’Pensioun kritt. (Verb um Schluss)

Konjunktiounaladverb: Du schaffs elo, soss kriss du keng Pai. (Inversioun)

 

Exercicer

Lien vers LearningApps.org